Happy Birthday “Groupement FGFC-Salariés”
Viru ronn 40 Joer huet d’FGFC seng Statutte geännert an sech fir Salariéeën opgemaach – dëst souwuel fir de Gemengenaarbechter, wéi och fir déi fréieren Employé privé.
Fir d’FGFC steet de Mensch am Virdergronn. Aarbechter, Beamten an Employéeën - am Gemengesecteur setzen mir all am selwechte Boot.
Mat individueller a kompetenter Berodung souwéi interessante Prestatiounen, konnte mir konstant nei Salarieren motivéiere bei der FGFC aktiv ze ginn. Fir vill vun hinnen huet d’Argument gezielt, dass d’FGFC kenger Partei nosteet an d’FGFC sech eenzeg an eleng fir de Gemengesecteur asetzt.
Den André Gonner (fréieren Aarbechter bei der Stad Lëtzebuerg) war des Weidere jorelaang Member vum FGFC-Bureau exécutif. Hien huet all eis Gemenge-Salariéeën, mat vollem Asaz, bis zu senger Pensioun vetrueden.
No de Sozialwale vum 12. Mäerz 2024 ginn erëm nei Memberen am Regime vum Salarié an eis FGFC-Gremien opgeholl. Soumatt ass garantéiert dass d’Interesse vun all de Salariéen vertruede ginn.
Mir all wënschen dem “Groupement FGFC-Salariés” alles Guddes fir säi ronne Gebuertsdag a soen all Salarié Merci fir seng trei Memberschaft sowéi Asaz.
Matgedeelt vum Bureau exécutif élargi
Opruff Sozialwalen 2024Wien als Salarié Interessi huet FGFC-Delegéierten op senger Gemeng oder Gemengesyndikat ze ginn - kontaktéier eis: salaries@fgfc.lu |