Aller au contenu principal Passer au pied de page

Happy birthday : CHFEP feiert hir 60 Joer

Den 20. November 2024 feiert d'Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics (CHFEP) hire 60.Gebuertsdag am Kader vun enger feierlecher Séance académique.

Zënter hirer Grënnung spillt d'CHFEP, a ganz enker Zesummenaarbecht mat der FGFC, eng zentral Roll bei der Verdeedegung vun de Rechter vum Personal am kommunalem Déngscht a beim Sozialdialog zu Lëtzebuerg. D’FGFC huet an der CHFEP 4 vu 5 Sëtz, déi der Fonction publique communale zoustinn (Ee Sëtz huet de FNCTTFEL-Landesverband). Eise Kooperatiounspartner CGFP huet 21 vun 22 Sëtz, déi der Fonction publique zoustinn.

De CHFEP-President Romain Wolff an den CHFEP-Vizepresident Gilbert Goergen wäerten an hire Rieden op d'Bedeitung vun dësem Anniversaire agoen. 

Dës Feier ass en Hommage un déi grouss Perséinlechkeeten, déi den ëffentlechen Déngscht (Staat & Gemengen) geformt a gestäipt hunn.

Bei dësem Evenement wäert de Professor Dr. Jörg Gerkrath seng Iwwerleeungen iwwer déi rezent konstitutionell a legislativ Ännerungen deelen, déi en Impakt op d'Chamber hunn, an deemno eng wäertvoll Perspektiv fir d'Zukunft vun der Fonction publique bidden.

Ee Message vum Premierminister Luc Frieden, musikalesch Momenter vum Bléiser-Quintett vun der Militärmusek an e kulinaresche Cocktail wäerten dëse memorabelen Owend nach méi speziell maachen.

 

 

FGFC-Vertrieder an der CHFEP: 
Effektiv : Claude Reuter, Jean-Paul Kertz, Marie-Claude Koders, Isabelle Scholzen
Suppléant : Lynn Kettel, Fränk Glesener, Steve Hatto, Serge Ganser

FNCTTFEL-Landesverband-Vertrieder: Alain Bonifas (Effektiv) & Stoffel Charles (Suppléant)