Aller au contenu principal Passer au pied de page

Gewerkschaft geet aneschtes!

23.05.2023

Sech als “Nummer 1” ze betitelen huet schonns eppes. Aner Gewerkschaften hunn e Pak opweises – et kënnt deenen awer net an de Sënn sech permanent mat esou vill Ego ze beräucheren. 

Prinzipiell sollt et ëm Qualitéit goen an net Quantitéit. Allgemeng stelle mir fest, dass wann een déi puer populistesch Iwwerschrëften ewechléisst - net méi vill Substanz iwwereg bleift. Des Weidere sinn esou munch Fuerderungen realitéitsfriem - zemools dann, wann de Credo ze si schéngt: Haaptsaach ech sinn dofir dass ech dogéint sinn. Gewerkschaft geet aneschets !

Interessant ass  nach ze bemierken dass rezent Fuerderungen an der Logik bedeite géifen, dass d’Verhandlungen bei de Salariéen och géif opmannst fir ALL national representativ Gewerkschaft opgoe misst… schéngt dann awer dass “Nummer 1“ méi offe fir Verännerunge wier wéi eisereen duecht.

No der Eenheetsgewerkschaft a Solidaritéit haart jäizen awer um Terrain deenen aneren d’Messer an de Réck stoussen - fir eis ass dat just Muechtgäilheet a puer Iwwerhieflechkeet.

Et ass legitim dass all Gewerkschaft sech versicht am Beschten duerzestellen an och Mol e Schlagaustausch um Ordre du jour steet - et gëtt dann awer nach eppes wéi Respekt an Zesummenhalt - zemools dann, wann et ëm Ugeleeënheeten vun eiser aller Membere geet. Déi hu Bessers verdéngt, wéi onnéideg Hunnekämpf an Opplusterungen. Um laangem Enn laacht sech Politik an Fäischtchen a sinn déi laachend Drëtt.

Gewerkschaftsaarbecht an d’Gesellschaft hunn sech geännert - wien dat nach net verstanen huet, wäert sech nach wonneren. Eppes huet net geännert: wien, wou a wéi vill matschwätzen dierf entscheet hei nach ëmmer Personal an dat bei Sozialwalen – zeemols bei deene vun der Chambre professionnelle.

Sief ofschléissend eis Zoustëmmung matgedeelt, dass e Pak misst op de Leescht geholl gi fir eise Lëtzebuerger Modell um lafen ze halen. Hei sollt awer d’Responsabilitéit als Féierung vun dausende Leit wierken amplaz se mat Populismus a falsche Verspriechunge fir jeglech Verännerung an Zesummeschaffe blann ze maachen.

Inakzeptabel bei Allem ass, dass eng Gewerkschaft et net midd gëtt de Privatsecteur géint de Gemengesecteur auszespillen an sech dobäi kenge Mëttelen ze schuert ass.

Matgedeelt vum Bureau exécutif élargi
Donneschden, 2. November 2023