Géinteneen hu mir genuch. Wéi wier et mateneen?
Heiansdo hunn ech den Androck, eng gutt Zesummenaarbecht tëscht engem Employeur an enger Personalvertriedung géif scho Mësstrauen ausléisen. Wéi wann e konstruktivt Gespréich en Zeeche vu Schwächt wier an eng gemeinsam Léisung e Grond, sech ze rechtfäerdegen.
D’Glafwierdegkeet vun enger Gewerkschaft géif sech un der Häert vun hiren Attacke moossen, d’Stäerkt vun engem Employeur dorun, wéi wéineg en nogëtt.
Esou gëtt aus ënnerschiddlechen Interessen eng kënschtlech Feindschaft. Dobäi muss een net ëmmer enger Meenung sinn, fir sech géigesäiteg eescht ze huelen.
Dee Reflex kenne mir och tëscht dem Privatsecteur an dem ëffentlechen Déngscht. Firwat soll déi eng Säit sech duerch d’Ofwäertung vun där anerer opwäerten? Gutt ëffentlech Servicer an eng Wirtschaft, déi funktionéiert, sinn openee ugewisen. Béid droen zu eisem Wuelstand an eisem Zesummeliewe bäi.
Gesinn mir mëttlerweil nëmmen nach dat Negatiivt a vergiessen dobäi dat Positiivt, de Respekt vireneen an dat, wat mir zesummen opgebaut hunn?
Och op de soziale Medie schéngt heiansdo net méi dat beschten Argument ze zielen, mee déi gréisst Provokatioun. Amplaz Fakten auszetauschen, gëtt ëmmer méi séier verurteelt. Dobäi ass dat kee Generatiounskonflikt. Ob mir openee lauschteren oder am aneren nëmmen nach e Géigner gesinn, ass virun allem eng Fro vun eiser Haltung.
Am Gemengesecteur erliewe mir, wéi konkret d’Konsequenze kënne sinn. Wou politesch Verantwortlech sech an den deeglechen Déngscht amëschen, Kompetenzen iwwerschratt ginn oder och eenzel Membere vum Personal hir eege Responsabilitéiten net respektéieren, entstinn Spannungen. Mikromanagement, perséinlech Reiwereien an onkloer Rollenverdeelunge kënnen en Aarbechtsklima nohalteg vergëften. Dobäi läit d’Verantwortung fir kloer Strukturen an e gesond Aarbechtsëmfeld virun allem beim Employeur.
Grad hei droe mir als Gewerkschaft eng besonnesch Verantwortung. Eis Aufgab ass et, d’Interesse vum Personal konsequent ze vertrieden, seng Rechter ze verdeedegen a Mëssstänn kloer unzeschwätzen. Mee dozou gehéiert och, Situatiounen objektiv anzeschätzen, den Dialog ze sichen an unzëerkennen, wou d’Zesummenaarbecht gutt funktionéiert.
Als FGFC-President erliewen ech ëmmer nees, datt ee sech an der Saach kloer widdersprieche kann an trotzdeem gutt zesummeschafft. Dacks ass et grad e Gespréich am Vertrauen, dat de Wee fir géigesäitegt Versteesdemech a gemeinsam Léisungen opmécht.
Dat bedeit awer net, datt alles hannert zouenen Diere muss gereegelt ginn. Diskretioun däerf ni en Deckmantel fir Mëssstänn sinn. Dialog setzt viraus, datt béid Säiten hir Verantwortung iwwerhuelen. Wa Rechter mëssuecht oder Problemer ignoréiert ginn, muss eng Gewerkschaft och bereet sinn, kloer Positioun ze bezéien an ëffentlechen Drock ze maachen.
Fir mech ass dat kee Widdersproch. Eng staark Gewerkschaft muss net permanent am Konflikt stoen, mee si däerf och kengem Konflikt aus dem Wee goen, wann d’Interesse vum Personal et verlaangen.
Et brauch Courage, Problemer unzeschwätzen. Mee et brauch heiansdo grad esou vill Courage, trotz ënnerschiddleche Meenungen am Gespréich ze bleiwen.
Dat fänkt beim géigesäitege Respekt un: am Toun, beim Nolauschteren an am Ëmgang mat Kritik.
Respekt heescht net, ëmmer enger Meenung ze sinn. Säi richtege Wäert weist sech grad dann, wa mir eis widderspriechen an eis trotzdem eescht huelen.
Well Mateneen net bedeit, op seng Iwwerzeegungen ze verzichten, mee trotz eisen Ënnerscheeder zesummen eppes ze beweegen.
Claude Reuter
FGFC President