Aller au contenu principal Passer au pied de page

Fortschrëtter a Perspektiven fir den Agent Municipal: E Réckbléck an e Bléck no vir

D’Joer geet mat grousse Schrëtt op en Enn, a mir verzichten op eng laang Introduktioun, fir direkt op déi wichteg Punkte fir den Agent Municipal an d’Zesummenaarbecht mat der Police anzegoen.  

Problemer mat der Ausbezuelung vun der Primm
Et ass net akzeptabel, datt verschidde Gemengen hir Agentinnen an Agenten, déi um Tribunal d'arrondissement als Fonctionnaire de Police Judiciaire (FPJ) vereedegt sinn, illegalerweis d’Primm vun 10 Punkten refuséieren. Betraffe Persounen sinn opgeruff, sech bei eis ze mellen, fir datt mir de Responsabele kënnen hëllefen, déi legal Texter korrekt z’interpretéieren an ëmzesetzen.  

Rapport vun der Inspektioun vun der Police (IGP)
Den 9. Dezember gouf de Rapport vun der Etude iwwert d’Zesummenaarbecht tëscht den Agents Municipaux an der Police, erstallt op Ufro vum Ministère des Affaires intérieures, um SYVICOL presentéiert.  

Obwuel de Rapport net fir de Public zougänglech ass, konnten dës zentral Erkenntnisser erausgehéiert ginn:  
1. Verstäerkte Fokus op d’Formatioun: 
   Investitiounen an d’Ausbildung vun den Agents Municipaux ginn als essentiell ugesinn. Hei si scho konkret Mesuren a Plangung.  

2. Erweiderung vun de Befugnisser am rouende Verkéier:
   Et besteet ee breede Konsens, datt den Agent Municipal méi Befugnisser an dësem Beräich kritt. Diskussiounen daueren awer un, wéi wäit dës solle goen – vun einfache Verwarnungen bis hin zu Moossnamen ewéi Ofschleefen.  

3. Integratioun an d’Gemengestrukturen:
   Agents Municipaux sollten an d’Kommissiounen integréiert ginn, déi mat Verkéier, Sécherheet a Preventioun beschäftegt sinn. Bis elo maachen nëmme wéineg Gemengen dat konsequent.  

4. Identifizéiere vu “Best Practices
   Zu de positiv ervirgehuewene Prozedure gehéieren:  
   - Interkommunal Kooperatioun, besonnesch bei klengen a mëttelgrousse Gemengen.  
   - Reegelméissegt Erstelle vu Berichter un d’politesch Verantwortlech.  
   - Opstelle vu strukturéierte Déngschtpläng, déi och mat der Police ofgestëmmt ginn.  

Ënnerscheeder tëscht Gemengen an Ausbléck op 2026
Et gouf festgestallt, datt et bedeitend Ënnerscheeder an der Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an der Police gëtt. Wärend e puer Gemengen eng enk Kooperatioun virweisen, mussen anerer nach op déi festgeluechte Standards hi schaffen.  

Besonnesch wichteg wäert de geplangte Bilan zu de Kompetenzerweiderunge sinn, deen am Joer 2026 gezu gëtt. Hei gëtt evaluéiert, wéi d’Agenten hir Roll weiderentwéckelt hunn an ob zousätzlech Upassunge néideg sinn.  

Save the Date: Generalversammlung 2025
Mir invitéieren all interesséiert Memberen op eis Versammlung zu Miesdref, 14 rue d’Ettelbruck, den Dënschdeg, 4. Mäerz 2025, um 19:00 Auer.  


Mir wënschen Iech an Äre Léifsten schéi Feierdeeg, eng gutt Gesondheet an e glécklecht an erfollegräicht neit Joer 2025.