Aller au contenu principal Passer au pied de page

Finanziell Schwieregkeeten ? Deng FGFC ass op Ecoute

Egal wéi eng Pai een huet - jidderee kann iergendwann a finanzielle Schwieregkeete kommen. D'Grënn heifir kënne variéiert a kënne vun externe Faktore respektiv perséinlechen Entscheedunge verursaacht ginn.

Vill Leit verzweiwelen an esou enger Situatioun a sinn dofir dacks weider finanziell oder souguer sozial Konsequenzen ausgesat. An deene meeschte Fäll, mat de richtege Moossnamen an Ënnerstëtzung , kënnt Dir erëm an déi schwaarz Zuelen an aus dem psycheschem Stress erauskommen .

D’FGFC ass fir seng Memberen op Ecoute. Sech net eleng fillen an den éischte Schratt woen sech senger Situatioun ze stellen an se ze meeschteren. En FGFC-Member gëtt a kenger Liewenslag eleng gelooss a mir bidde professionell Hëllef un.

Eis Beroder sinn op der Telefonsnummer 407720-1 vu Méindes bis Freides vun 8 bis 12 Auer a vu 14 bis 17 Auer perséinlech z’erreechen. Dir kënnt eis och zu all Auerzäit eng E-Mail schreiwen: hellef@fgfc.lu