FGFC-TICE : NEWS 02/2026
Verantwortung, Realitéit a weider Schrëtt am Interessi vum Personal
Och am Joer 2026 stinn d’FGFC-Delegéiert an hir Sektioun viru groussen Erausfuerderungen. Zanter dem Joer 2023, wou d’Kënnegung vun der Konventioun beim TICE bekannt gouf, huet d’FGFC sech fréi, konsequent a verantwortungsvoll fir d’Personal agesat.
Et entsprécht der Kärmissioun vun enger Gewerkschaft, potenziell Risike fréi z’erkennen, se offen unzeschwätzen an d’Interesse vun de Mataarbechter aktiv a mat aller Konsequenz ze verdeedegen.
Genee dat hu mir gemaach:
- an de zoustännege Ministèren
- a Reunioune mat alle politesche Parteien
Dass de Bureau vum TICE bei all Geleeënheet betount, d’Aarbechtsplaze wieren am Kader vun der neier Konventioun geséchert, ënnersträicht kloer, datt d’Handele vun der FGFC an dësem Dossier néideg, legitim a verantwortungsvoll war.
Warnunge bestätegt – Konsequenzen si leider Realitéit
Wéi vun der FGFC virausgesot, huet d’Restrukturatioun konkret an deels massiv Verschlechterunge fir d’Personal mat sech bruecht.
D’Ewechfale vun de Citybuslinnen an dem Schülertransport huet däitlech gewisen, datt eis Warnunge berechtegt waren. D’Auswierkunge sinn haut fir vill Mataarbechter Realitéit:
- Congéen an de Schoulvakanzen si méi schwéier ze plangen
- manner Fréischichten
- manner Weekender
Dëst si reell Verschlechterungen am Alldag, déi net ignoréiert däerfe ginn.
Asaz fir Sécherheet a Stabilitéit
An de Joren 2022 bis 2025 huet d’FGFC sech ouni Ënnerbriechung fir d’Interesse vum Personal agesat. Duerch gezielte Kontakt mat de Medien, villfälteg Entrevuen a konsequent Diskussioune mat de verantwortlechen Acteure konnt erreecht ginn, datt:
- Aarbechtsplaze geséchert goufen
- strukturell Verännerunge begleet goufen
- Sécherheetskabinnen an de Bussen agefouert goufen
- d’Thema Sécherheet Esch/Gare op d’Agenda komm a konkret verbessert gouf
Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller, déi illustréieren, wat ëmgesat gouf.
De Kampf fir Sécherheet, Stabilitéit a Respekt war a bleift een zentraalt Element vun der FGFC-Aarbecht.
Konkret Resultater duerch konsequent Handelen
Am September 2024 gouf d‘Prime d’astreinte fir Artisanten, Administraioun an aner Membere vum Personal net méi ausbezuelt.
D’FGFC huet direkt reagéiert.
Mat juristescher Ënnerstëtzung konnt dës Decisioun schonn am November 2024 gekippt ginn – e kloert Zeechen, datt konsequent gewerkschaftlecht Handele Resultater bréngen.
Doriwwer eraus hunn d´Vertrieder vun der FGFC an der Personalvertriedung Irregularitéite bei der Ausbezuelung vun der Prime d’astreinte festgestallt. Et huet dofir e Recalcul misse gemaach ginn, woubäi engem groussen Deel vum Personal bedeitend Zommen nobezuelt goufen.
Och dat gehéiert fir d’FGFC dozou: de legale Kader an allen Hinsichte konsequent ze kontrolléieren.
Zanter Joren huet d’FGFC och eng Upassung vum Fuerplang gefuerdert. En Aarbechtsgrupp gouf agesat, an et goufe realistesch a konstruktiv Proposen ausgeschafft.
Datt mëttlerweil en neie Fuerplang a Kraaft ass, gëtt vun der FGFC ausdrécklech begréisst.
Gläichzäiteg muss awer festgehale ginn, datt Opfankzäiten an de Spëtzestonnen nach ëmmer feelen – eng Erausfuerderung, déi weider politesch an operativ Opmierksamkeet verlaangt.
Politesche Suivi bleift essenziell
Zousätzlech goufe rezent parlamentaresch Froen (QP) lancéiert, mam Zil:
- d’Personal besser ze schützen
- ongerecht Decisiounen an Zukunft ze verhënneren
- nohalteg a verbindlech Léisungen anzefuerderen
Dëst weist kloer: De politesche Suivi bleift noutwendeg, an déi nächst Schrëtt si schonn an der Pipeline.
Atelier
D’Joer 2025 huet däitlech gewisen, datt den Atelier chronesch ënnerbesat ass. Fir den alldeegleche Betrib oprecht ze erhalen, huet misste verstäerkt op Outsourcing zeréckgegraff ginn. Gläichzäiteg ware Mataarbechter gezwongen, ënner schwierege Bedéngungen an am Fräien, bei all Wieder, ze schaffen, fir datt d’Busse kënne fueren.
Dës Situatioun ass weder nohalteg nach verantwortlech.
D’FGFC huet sech dofir fréi a konsequent dofir agesat, datt Posten ausgeschriwwe ginn an zousätzlecht qualifizéiert Personal rekrutéiert gëtt, fir d’Belaaschtung vun den existente Mataarbechter dauerhaft ze reduzéieren an eng stabil Organisatioun vum Atelier ze garantéieren.
Leider stellt sech d’Rekrutéierung aktuell als schwiereg eraus.
Protestpiquet – e kloert Signal un d’Responsabel
Am Kontext vun de festgestallte Verschlechterungen an dem feelende sozial Dialog huet d’FGFC de 17. September 2025 e Protestpiquet organiséiert. Dës Aktioun war essentiel, fir d’Situatioun vum Personal ëffentlech siichtbar ze maachen an d’politesch Responsabel an hir Verantwortung ze huelen.
De Protestpiquet huet kloer gewisen, datt d’Onzefriddenheet beim Personal real a breet verankert ass an datt d’Suerge vun de Mataarbechter net méi ignoréiert kënne ginn. D’Resonanz an der Press an d’politesch Reaktiounen hunn ënnerstrach, datt dës Form vu Mobiliséierung néideg a legitim war.
An dësem Kontext ass de Schrëtt an d’Conciliatioun eng konsequent Weiderféierung vum Asaz vun der FGFC.
Conciliatioun als weidere Schrëtt
Nieft der Sécherung vun den Aarbechtsplaze bleift d’Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen an e respektvollen Ëmgang mam Personal eng Prioritéit.
An deem Kontext geet d’FGFC an d’Conciliatioun, wou dëst kloer ugeschwat gëtt.
Et kënnt Beweegung an den Dossier: mëttlerweil hu mir e Retour vum Ministère kritt, an d’FGFC huet hir Mandatairen offiziell matgedeelt.
Reegelméisseg Informatioun – e kloert Engagement
Fir d’FGFC ass et essenziell, transparent, reegelméisseg a konsequent iwwer hir Aarbecht als Sektioun a Personalvertriedung ze informéieren – iwwer Positiounen, Dossieren an déi nächst Schrëtt.
Un Themen an Erausfuerderunge feelt et net.
D’FGFC wäert sech och weiderhin engagéiert, sachlech a mat Konsequenz fir d’Interesse vun de Mataarbechter asetzen.