FGFC setzt TICE-Büro Ultimatum bis 10. Oktober

D’FGFC weist sech déif verwonnert iwwer de weidere Silence vum TICE-Bureau.
De Protestpiquet vum Personal ass mëttlerweil 14 Deeg hier, an bis haut koum kee Liewenszeechen vun de politesch zoustännege Responsabelen.
Schonn um Dag vum Protestpiquet huet d’FGFC dem TICE-Bureau e Bréif zoukomme gelooss, an deem si e Gespréich ugefrot an konkret Propositiounen gemaach huet, fir nees zu engem respektvollen a konstruktive Mateenaner zeréckzefannen.
Amplaz dorop anzegoen, huet d’Vizepresidentin vum TICE an der Press Aussoen gemaach, déi als kloren Affront géint d’Personal an Gewerkschaft ze verstoen sinn, andeems si ënneranrem behaapt huet, der Direktioun wiere keng Personalproblemer bekannt.
Gläichzäiteg huet den Direkter d’allwöchentlech Reunioune mat dem President vun der Delegatioun ofgesot. Dës Haltung léisst déif blécken a weist eng erschreckend Desinteresse un engem éierlechen Dialog.
Sollten déi politesch Responsabel net bis e Freideg, den 10. Oktober 2025, op eis Ufro fir eng Réunioun reagéieren, deelt d’FGFC op dësem Wee mat, datt si de Wee vun der Conciliatioun wäert aschloen.
D’FGFC léisst sech weder hinhalen nach ignoréieren. D’Personal huet e Recht drop, eescht geholl ze ginn. Wann d’Politik mengt, de Sozialdialog mat de Féiss ze trëppelen, da brauch si sech net iwwer en entschlossenen a ferme Géigewand ze wonneren.
Mategdeelt vun der FGFC Exécutive, Sektioun FGFC-TICE an der Personaldelegatioun
Fenneng, de 6. Oktober 2025