FGFC-Journée communale: "Zesumme fir e staarke Gemengesecteur"

SAVE THE DATE!
De Mëttwoch 26. Februar 2025, organiséiert d'FGFC- Gewerkschaft vum Gemengepersonal an Zesummenaarbecht mat der FGFC Académie, hir Journée Communale zu Biergem am Centre Culturel 'Beim Nëssert' ënner dem Motto: "Zesumme fir e staarke Gemengesecteur"
Moies:
All Personaldelegatiounen am Gemengesecteur sinn invitéiert, un enger spezieller Formatioun iwwer Digitalitéit deelzehuelen. Net nëmme Gesetzestexter a Reglementatiounen si wichteg och den Ëmgang mat der neier Technologie. Dës Formatioun, déi zesumme mam Digital Learning Hub organiséiert gëtt, deckt praktesch Informatiounen an Handhabung wéi zB. Teams an "AI".
Mëttes:
Mat eise Kolleegen*innen aus all de Personalbüroe vum Gemengesecteur organiséiere mir e Workshop, fir d'Defis an d'Besoinen erauszefannen. Op Basis vun der Zouso vum Minister Léon Gloden, eis Personalbüroe pragmatesch z'ënnerstëtzen, ass dëst den éischte Schratt an eng praxisorientéiert Ëmsetzung.
Owes:
E Cocktail-Dînatoire an enger lieweger Atmosphär, bei dem all wichteg Acteuren am ëffentlechem Déngscht invitéiert sinn, sech offen auszetauschen, Iddien ze diskutéieren an d’Zukunft vum ëffentleche kommunalen Déngscht gemeinsam ze gestalten - dat am konstruktivem Sozialdialog.
Mir kommen zäitno mat allen Detailer zum Programm an Umeldungen op d'Gemengepersonal a eis Partneren zréck.
D'FGFC ass a bleift den Original am Gemengesecteur deen sech kompetent fir dech asetzt !
We look forward to welcoming you!