Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC - Jo fir d'Famill

Leschte Sonndeg de 24. November hate mir déi grouss Freed vir de Kleeschen a säi Gesell bei eis op Besuch ze hunn. Mei genee an de Centre culturel Pëtzenhaus zu Reckeng op der mess . Et ass schonn déi zweete Kéier dass déi zwee sech Zäit huele vir eise Kanner eng Freed ze maachen.

Nieft enger gutt gefëllter Titchen gouf et och nach e schéine Boxemännchen . Eent ass mol sécher  d'Kanner hu sech gefreet . Mais net just déi Jonk haten hire Furri.Nee,och déi Grouss hunn bei familiärer Atmosphär, engem Maufel z'iessen an eppes ze drénken e gesellegen Nomëtteg mat eis verbruet.

Nieft eisem motivéiertem Staff war och de Bureau exécutif élargi matt um Start vir eng Hand matt unzepaken.

Ob dësem Wee géife mir dann och gär der Gemeng Reckeng op der Mess Merci soen dass mir hire flotte Festsall hunn dierften notzen.

Zu gudder Läscht wier nach eise Fotograf den Eric Devillez z'ernimmen de wéi ëmmer eng super Aarbecht geleescht huet wéi dir an der Fotosgalerie wäert gesinn. Link: https://eric-devillet.lumys.photo/fgfc-visite-saint-nicolas-2024 Code: FGFC_6

En Resumé e gelongene Nomëtte à refaire. Abe mir soe Merci dass dir all dobäi waart a mir freeën eis op nächst Joer !