Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC INFO: Plangt Är Fräizäit clever fir 2025!

D’Joer 2025 steet virun der Dier, an et ass déi perfekt Zäit, fir Är Congésplanung unzegoen. Wann et och nëmmen zwee offiziell Bréckendeeg ginn, bidde verschidde Feierdeeg a Weekender nach ëmmer Geleeënheeten, fir déi schafffräi Zäit ze maximiséieren.


Bréckendeeg a verlängert Weekender 2025 am Iwwerbléck

  1. Neijoerschdag (1. Januar): Fält op e Mëttwoch. Mat e puer clever geplangten Deeg, z. B. den 2. an 3. Januar 2025, kënnt Dir d’Joer relax ufänken.

  2. Ouschterméindeg (21. Abrëll): E klassesche Feierdag, deen ëmmer op e Méindeg fält. Hei kritt een automatesch e verlängerte Weekend.

  3. 1. Mee (Dag vun der Aarbecht): Dëse Feierdag fält dëst Joer op en Donneschdeg. Een eenzegen Dag Congé mécht aus dësem Feierdag véier fräi Deeg.

  4. Europadag (9. Mee): Fält op e Freideg. Hei kënnt Dir einfach vun engem verlängerte Weekend profitéieren.

  5. Christi Himmelfaart (29. Mee): Wéi ëmmer op en Donneschdeg. Een eenzege Congésdag a freet Iech op e laange Weekend.

  6. Péngschtméindeg (9. Juni): En zousätzleche Feierdag, deen ëmmer op e Méindeg fält an d’Woch méi kuerz mécht

  7. Nationalfeierdag (23. Juni): 2025 ass dësen Dag e Méindeg. Mat dësem Datum kënnt Dir e verlängerte Weekend hunn.

  8. FGFC-Familljefest (6. Juli) : dee Sonndeg ass zwar weder e Feierdag nach e Bréckendag - jidder FGFC-Member soll sech deen Event awer am Kalenner mierken.

  9. Maria Himmelfaart (15. August): Dëse Feierdag fält op e Freideg, perfekt fir eng méi kuerz Schaffwoch.

  10. Trounwierssel (3. Oktober) bis elo keen annoncéierte Feierdag awer fir den ëffentlechen Déngscht e groussen Dag. Eise Staatschef Grand-Duc Henri dankt un den aktuellen Lieutenant-Representant Prënz Guillaume of.

  11. Chrëschtdeeg (25. a 26. Dezember): D’Feierdeeg falen op en Donneschdeg a Freideg, dat engem um Weekend erlabt ze relaxéieren.

  12. Neijoerschdag (1. Januar): Fält op 2026 op en Donneschden. Mat just engem Dag ass ee schonns am verlängerte Weekend.

 

Elo sidd Dir all informéiert a kënnt mat eise Tipps Är schafffräi Zäit verlängeren; dat mat sou mann wéi méiglech Congésdeeg.

Vill Spaass bei der Congé-Planung!