Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC goes Gold

Léiw Kollegen, Léiwe Member,

déi 8. Editioun vum “Lëtz go Gold” fënnt de 27. September 2025 am Neiduerf statt. A mir als FGFC wëllen dëse wichtege Projet mat Iech zesummen ënnerstëtzen.

Wéi kanns du eis ënnerstëtzen ?

Aktiv - andeems du dech umells an déi Somme wou’s du gesammelt hues gëtt u Lëtz go Gold gespend. (Wichteg: de Minimum wou gesammelt muss ginn sinn 200€ fir den Dag dierfen un de Start ze goen)

Passiv - andeems du e klengen Don mëss.

Wichteg!!!

Dir musst iech iwwert de link hei drënner umellen wann dir an eisem Team wëllt matlafen. Et ass net méiglech fir sech nu der Umeldung nodréiglech ech enger Equipe unzeschléissen.

https://fundraising.fondatioun.lu/fr/onboarding/letz-go-gold/invite/82224c97-9c76-4532-931f-126afbfcfa48/3c7fda7

Wanns du an eisem Team matleefs iwwerhuele mir deng Umeldungskäschte vun 10€. Fir déi éischt 15 Leefer iwwerhëllt FGFC d’halchend vun deenen 200€. Awer opgepasst mir iwerhuelen d’Umeldungskäschte vun all Equipier - Awer den Don vun 100€ zielt just fir déi eischt 15 Leit wou sech Eiser uschléissen.

 

An hei drënner fannt dir de Link wou dir äeren Don kënnt machen.

https://fundraising.fondatioun.lu/fr/team/fgfc-runners?redirect

Mir soen iech elo schon e grousse Merci fir äer Participatioun.