Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal steet der Regierung mat Rot an Dot zur Verfügung

D’FGFC gratuléiert den zukünftege Ministeren op hir Posten an ass no der hauteger Pressekonferenz zouversiichtlech, datt mir zesumme Lëtzebuerg fortschrëttlech viruféiere wäert. Dem Formateur Frieden seng Aussoe kléngen an éischter Linn villverspriechend, a mir freeën eis no enger grëndlecher Analyse vum Koalitiounsaccord an d'Detailer ze verdéiwen.

Gewerkschaft vum Gemengepersonal leet besonnesch Wäert op d’Zesummenaarbecht am ëffentlechen Déngscht an ënnersträicht, datt et de facto keng Parteidifferenzen méi sollen tëscht dem Ministère „Fonction publique“an dem „Ministere de l’Intérieur“ ginn. D’FGFC engagéiert sech fir eng méi enk a kloer gemeinsam Richtung, fir d’Erausfuerderungen am ëffentleche Secteur effizient a gezielt unzegoen.

Dem zukünftege Minister Gloden, mat senger laangjäreger Erfarung als Buergermeeschter, bidde mir als FGFC eis fachlech Kompetenzen an eis praktesch Erfarung vum Gemengepersonal fir de Gemengesecteur un. D’FGFC gesäit seng Expertisen als eng wäertvoll Ressource fir zesummen innovativ Léisunge fir lokal a kommunal Erausfuerderungen z'entwéckelen.

D'FGFC seet eiser fréierer Inneministerin Bofferding Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht a wënscht hir alles Guddes a vill Erfolleg op hirem zukünftege Wee als nei Fraktiounscheffin.

Gewerkschaft vum Gemengepersonal bekräftegt hir Bereetschaft, d'Regierungmat Rot an Dot aktiv z'ënnerstëtzen, fir zesummen eng positiv Entwécklung fir Lëtzebuerg ze gestalten.

Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi
Donneschden de 16. November 2023