Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC géint kommunal Hobby-CEO’en: Keng Toleranz méi fir illegal Praktiken

D’FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal weist sech erstaunt an esouguer besuergt doriwwer, dass trotz der Ukënnegung vun engem eenheetleche Gabarit fir d’Réglement d’Ordre Intérieur (ROI) nach ëmmer vill Gemengen a Gemengesyndikater nonkonform Moossnamen huelen.

Dëst ass besonnesch verwonnerlech, well de Minister fir bannenzeg Ugeleeënheeten, Léon Gloden, zesumme mam Patronatsverband Syvicol op Initiativ vun der FGFC kloer annoncéiert huet, dass bis spéitstens Enn 2025 e kloert a gültegt Reegelwierk ausgeschafft gëtt. D’Zil vun dësem neie Gabarit ass et, d’Onkloerheeten an de besteeënden Texter endlech eenheetlech ze kläre bis nei iwwerschaffte Gesetzer en place sinn. Besonnesch Aarbechtszäitreegelungen, wéi den Horaire mobile, de Compte d’épargne temps - CET, den Télétravail oder d’Congésbestëmmungen, solle präzis an harmoniséiert festgehale ginn. Donieft gi generell Bestëmmungen zur Sécherheet an der Handhabung vun der Informatik an eng national Kohärenz bruecht, fir dass d’Reglementer net vun enger Gemeng op déi aner variéieren.

Trotz dëser kloer definéierter Perspektiv schéngen awer verschidde Gemengen an och Gemengesyndikater net bereet ze sinn, op dësen neien eenheetleche Kader ze waarden. Ganz am Géigendeel: Verschidden Entitéite schéngen esouguer aktiv weider op illegal Moossnamen ze setzen, fir hir ROI’en esou séier wéi méiglech duerchzesetzen oder ofzeänneren – obwuel schonn elo feststeet, dass se a villen Aspekter net de gesetzleche Bestëmmungen entspriechen.

Dëst verhënnert net nëmmen eng harmoniséiert Léisung op nationalem Plang, mee féiert och zu enger ongerechter an inkohärenter Behandlung vum Gemengepersonal.D’FGFC rifft déi betraffe Politiker dozou op, mat effet immédiat all illegal Praktiken an destruktive Personalmanagement anzestellen.

D’FGFC wäert d’Entwécklunge mat grousser Opmierksamkeet weider verfollegen a kloer géint ongerecht an illegal Praktiken am Personalmanagement virgoen. Fir eis liwweren e puer Politiker erëm selwer de Beweis, dass Personalmanagement a professionell Hänn gehéiert – an net an d’Hänn vu selbsternannten Hobby-CEO’en.