FGFC - Cocktail Dînatoire
Den 11 Februar hat d'FGFC als Ofschloss vu senger Journée Communale seng Memberen ob hire Cocktail Dînatoire agelueden. Zu dësem Event war dann och den Minister des Affaire intèrieures M. Léon Gloden, den Vize-Präsident vum Syvicol M.Serge Hoffmann an de Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech den M. Jeannot Fürpass invitéiert.
Nieft engem gudde Maufel an engem Pättchen ze drénken ass sech bei geselleger Atmosphär ausgetosch ginn.
Mir soen ob dësem Wee jidderengem Merci wou deen Dag de Wee op Bergem an de Centre culturel beim Nëssert fonnt huet an e ganz grousse Merci un Gemeng Monnerech dass sie eis hire flotte Sall zur Verfügung gestallt hunn.
Op déi ganz Foto-Galerie vum Event kommt dir iwwert de Link hei drënner. Den Code fir an Galerie ass 778E
Fir Fotoen war den Fotograf Eric Devillet zoustänneg - och him e grousse Merci.
Weider Artikelen zum Thema fannt dir hei drënner :
FGFC JOURNÉE COMMUNALE - STAARK ALLIANZEN FIR DE GEMENGESECTEUR