Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC begréisst Reformen: Eenheetlech Normen als Basis fir e staarke Gemengesecteur

D’FGFC, d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal, begréisst d’Initiativ vun der Regierung, eenheetlech Normen am Gemengesecteur anzeféieren, wéi elo rezent annoncéiert en nationalt Bautereglement anzeféieren. Dësen entscheedende Schrëtt zielt drop of, administrativ Hürden ofzebauen, Prozesser méi transparent ze maachen an d’Koordinatioun tëscht de Gemengen an all den Acteuren ze verbesseren.

 

Eenheetlecht Bautereglement: En Ufank mat Potenzial

Den neien Text, deen am Hierscht 2025 fäerdeg ausgeschafft soll sinn, limitéiert sech op d’Schafung vun eenheetleche Reegelen a fokusséiert sech op essenziell Punkte wéi Sécherheet, Soliditéit, Commoditéit, Salubritéit an Nohaltegkeet. Dëst stellt e gudden Ufank duer, fir kloer Richtlinnen ze definéieren an déi relevant Beräicher gezielt unzegoen, ouni de Fokus ze breet ze setzen.D’Zil ass, d’Aarbecht vun Architekten, Ingenieuren a Gemengenadministratioune wesentlech ze vereinfachen. Trotz dëser Harmoniséierung bleiwen d’Gemengen an der Kontroll vun hiren urbanistesche Reegelen (z. B. Bebauungspläng).

D’Aféierung vun engem nationale « pilier technique » kéint vun den eenheetlechen Reglementatiounen profitéieren, well e standardiséierte Kader fir technesch Aspekter vun de Bauprojeten erméiglecht gëtt. Kloer Prozesser maachen et fir all Acteuren – vu Planer bis zu Geneemegungsautoritéiten – méi einfach a méi transparent, well d’Decisiounen op engem kohärenten technesche Fundament baséieren. Dëst garantéiert méi Sécherheet an Effizienz a reduzéiert de Risiko vu Feeler oder Onkloerheeten.

 

Prozedural Reformen als néideg nächst Schrëtt

Wärend d’FGFC dës Entwécklung begréisst, weist si gläichzäiteg op déi bestoend Defiziter am aktuelle System hin. Besonnesch bei de Prozeduren fir Bautegeneemegunge gesäit d’FGFC nach vill Opraumaarbecht, well dëst en haapt Grond fir Delayer an ineffizient Prozesser ass. Fir den Effekt vun engem eenheetleche Bautereglement voll auszenotzen, misst dëse Beräich integral an zukünfteg Reformen agebonne ginn - och de Prinzip vum « once only ».

 

Signaler fir weider Eenheetlechkeet

D’FGFC gesäit sech bestätegt, datt Eenheetlechkeet am kommunale Secteur net nëmmen eng realistesch Perspektiv ass, mee och eng néideg. D’Aféierung vum nationale Bautereglement ënnersträicht däitlech, datt eng Harmoniséierung och an anere Beräicher méiglech a sënnvoll ass. Besonnesch am Personalmanagement an der Gestioun vun den kommunale Prestatioune kéinten eenheetlech Regelen net nëmmen d’Effizienz stäerken, mee och zu enger besserer Ressourceverwaltung féieren.

An enger Zäit, wou d’Gemengen ënner steigendem Drock stinn, hir Finanzen effektiv ze geréieren, ginn eenheetlech Prozeduren ëmmer méi bedeitend. Eng méi kloer an iwwergräifend Regulatioun hëlleft, d’Käschten ze reduzéieren an onnéideg Ausgaben ze vermeiden. Et gëtt deemno keng Grënn méi, dës Harmoniséierungsprozesser net konsequent an op weider Beräicher auszebauen – besonnesch wann d’finanziell Nohaltegkeet vun de Gemengen op der Spill steet.

 

Opruff zur inklusiver Kollaboratioun

D’FGFC begréisst dës Initiativen a leet grousse Wäert drop, datt d’Gemengepersonal mat senger spezifescher fachlecher Kompetenz aktiv an de Reformprozess agebonne gëtt. Dëst ass entscheedend, net nëmme fir d’Unerkennung vum Personal, mä och fir sécherzestellen, datt d’Reformen pragmatesch a realistesch op déi konkret Besoine vun de Gemengen ausgeriicht sinn.

D’Commission centrale – dat wichtegtst Gremium, wou de Minister Léon Gloden, d’Patronat (SYVICOL) an d’FGFC um Dësch sëtzen – ass e Schlësselelement fir d’Ausaarbechtung vu relevanten an zukunftsorientéierte Léisungen. Fir dës Roll voll auszefëllen, muss d’Commission centrale konsequent genotzt ginn, fir eng kohärent an effizient Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren ze garantéieren.

D’Regierung ass opgeruff, déi demokratesch legitiméiert Representativitéit unzëerkennen an d’FGFC als déi zentral a majoritär Stëmm vum Gemengesecteur ze respektéieren. Eng kloer Unerkennung vun dëser Roll ass essentiell, fir Reformen am Gemengesecteur nohalteg, gerecht a pragmatesch ëmzesetzen an d’Interesse vun allen Acteuren optimal ze vertrieden.

 

FGFC: Eng onëmgänglech Stëmm fir e staarke Gemengesecteur

D’FGFC spillt eng zentral Roll beim Erfolleg vu geplangte Reformen. Mat hirer Expertise an als Stëmm vum kompetente Gemengepersonal garantéiert si, datt realistesch a praktesch Léisunge fir de kommunale Secteur entwéckelt ginn. Si engagéiert sech fir e staarke Gemengesecteur a steet ëmmer bereet, de konstruktiven Dialog mat allen Akteuren ze féieren.