Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC begréisst den Appell vum Syvicol fir e bessere Personalmanagement an de Gemengen

D’FGFC huet d’Aussoe vum Här Altmeisch, Member vum Syvicol-Büro, mat groussem Interesse zur Kenntnis geholl, besonnesch seng Unerkennung vun der Noutwendegkeet, sech mat der Fro vum Personalmanagement an de Gemengen ze befaassen. Mir gesinn dës Stellungnam als eng positiv Äntwert op eis rezent Artikelen, déi spezifesch Problemer a Praktiken an de Gemengen opgeworf hunn.

D’FGFC deelt d’Iwwerzeegung, datt kloer Richtlinne fir e qualitativ héichwäertegt an onparteiescht Personalmanagement essentiell sinn. Dofir begréisse mir dëse Schrëtt a Richtung Dialog, déi duerch d’Aussoen vum Syvicol signaléiert goufen. Mir confirméieren eis Bedeelegung un dësem Prozess a bleiwen derbäi, eis konstruktiv an aktiv un enger transparenter an nohalteger Léisung ze bedeelegen.

An dësem Kontext erënnere mir drun, datt d’FGFC schonn an der Vergaangenheet proaktiv hir Bereetschaft gewisen huet, zesumme mam Patronat a mat eise Personaldelegatiounen un den Dësch ze sëtzen. Mir bleiwen engagéiere fir zesummen kloer Richtlinnen a praktesch Léisungen auszeschaffen, déi de Bedierfnesser vum Gemengepersonal, dem Fonctionnement vun de Verwaltunge wéi och den Erwaardungen vum Patronat an eise Gemengen a Gemengesyndikater gerecht ginn.

Mir hoffen, datt dësen Dialog e wichtege Schrëtt fir eng gestäerkte Kooperatioun tëscht dem Syvicol, de Gemengen an der FGFC wäert sinn, fir e bessert Zesummeliewen an eng méi gerecht Behandlungsbasis fir all Bedeelegten ze garantéieren.

Zesumme fir e staarke Gemengesecteur!