Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC begréisst Accord salarial an der Fonction Publique

Matt Zefriddenheet begréisse mir als FGFC den Accord salarial an der Fonction Publique, deen haut vum zoustännege Minister Marc Hansen, zesumme mat eisem Kooperatiounspartner der CGFP, virgestallt ginn ass. Der CGFP e Kompliment fir hiert Verhandlungsgeschéck, zemools well en Deel vun deenen elo ëmgesate Punkten och vun eis gefuerdert gi sinn. Als Personal vun de Gemenge gesi mir dëst als Valorisatioun vun eisem deeglechen Engagement zum Wuel vum Bierger.

Haaptpunkte vum Accord salarial sinn :

  • Vum 1. Januar bis den 31. Dezember 2023 kënnt et zu enger, op dës Period begrenzter, Punktwerterhéijung fir déi éischt 100 Gehaltspunkten vu 5 % de Mount.
  • Ab dem Januar 2024 kënnt et dann zu enger genereller Punktwerterhéijung vun 1,95 %.
  • Ab dem 1. Juli 2023 ginn d’Majorations d’échelons fir « Postes à responsabilité particulière » ëm 5 Gehaltspunkten an d’Luucht.
  • Ab dem 1. Juli 2023 geet de generell applicabele Pourcentage fir « Postes à responsabilité particulière » vu 15 % op 30 % erop, ouni datt dee Seuil muss erreecht ginn..
  • De Mécanisme temporaire fir de changement de groupe gëtt ëm 5 Joer verlängert.
  • De Bewäertungssystem an der Fonction Publique gëtt mat Datum vum Januar 2023, ausser fir d’Stagiairen, komplett ofgeschaaft.
  • Fir Leit aus dem Groupe de traitement B1, déi eng Meeschterprüfung oder e Brevet de technicien supérieur (BTS) hunn, kënnt et zur Aféierung vu folgende Primmen:
    • 10 Gehaltspunkte wärend den éischte 5 Joer Déngscht
    • 15 Gehaltspunkte vum 6. Déngschtjoer aus un.

Weider Punkte vum Accord fannt der am annexéierte PDF-Fichier.

Matgedeelt vum Bureau exécutif élargi vun der FGFC
9. Dezember 2022