Aller au contenu principal Passer au pied de page

Enseignement musical : Valorisatioun fir d’Chargéeën

Den 20. Juli ass endlech d‘Gesetz iwwert d‘Gehälterreform am Enseignement musical gestëmmt ginn.

Als klenge Rappell: Bei dëser Valorisatioun geet et ëm soss näischt, wéi dofir ze suergen, dass all d’Chargéeën am Museksunterrecht endlech no deem Diplom bezuelt ginn, dee fir hir
Carrière verlaangt gëtt – eppes wat fir de ganze Rescht vun der Fonction publique schliisslech scho laang gëllt.

D’FGFC ass natierlech frou, dass een zesumme mat der ACEN des Valorisatioun fir déi Chargéeën erreecht huet, déi elo schonns schaffen. D’FGFC bleift trotzdeem bei hirer kritescher Meenung an dësem Dossier. Et muss ee wëssen, dass all zukünfteg agestallte Chargée, souwéi déi noom 1. September 2022 agestallt goufen, hire Masterdiplom net méi unerkannt kréien.

Dofir mécht d’FGFC e waarmen Appell un déi nächst Regierung, de Grondprinzip vum ëffentlechen Déngscht : Diplom = Lafbunn , och am Enseignement musical, fir ALL Chargéeën z‘applizéieren an d‘Gesetz esou séier wéi méiglech z’adaptéieren. D’FGFC akzeptéiert net, dass hei e Präzedenzfall fir de Gemengesecteur geschaafe gëtt an zéckt och net viru Geriicht ëm d’Rechter fir eis Chargéeën ze streiden wann net nogebessert sollt ginn.

Des Weidere sollen all Chargéeën ënnert dem Regime vum Employé communal agestallt respektiv mutéiert ginn. Nieft enger adequater Pei, setzt sech d’FGFC fir eng besser Protektioun an eenheetlech Kontrakter fir eis Leit am Enseignement musical an.