Aller au contenu principal Passer au pied de page

En Donneschdeg 4. Januar waren d'Gemengen Thema an der RTL-Emissioun "Invité vun der Redaktioun"

23.05.2023

Originaltext vun RTL Lëtzebuerg

D'Leit, déi op de Gemenge schaffen, ginn net richteg wäertgeschat. Dat fënnt de Claude Reuter, dee President vun der Gemengegewerkschaft ass an d'Gemengepersonal vertrëtt. Hie war den Donneschdeg de Moien Invité bei eis um Radio.

Iwwerdeems hätt et an der Lescht immens vill Reforme ginn, d'Leit an de Personalbüroe kéimen zum Beispill net méi no mat Norechnen. D'Haaptkritikpunkte vum Claude Reuter waren d'Aarbechtszäit an d'Organisatioun, grad ewéi d'Astellungen an d'Formatiounen. Op deene Punkte misst déi nei Regierung fir Kloerheet suergen.

Ausserdeem géif een och bei de Gemengen e Personalmanktem spieren, esou wier et schwiereg, qualifizéiert Leit ze fannen.

Vill Leit, déi aus der Schoul kéimen, kéinten d'Aarbecht, déi an de Gemenge misst gemaach ginn, net méi maachen, bedauert de President vun der Gemengegewerkschaft. De Claude Reuter schwätzt sech dofir aus, aus dem INAP (Institut national d'administration publique) eng Beruffsschoul ze maachen. Wann een d'Administratioun oder de Service wiessele géing, sollt ee fir d'éischt ausgebilt ginn an da réischt wiesselen. Generell constatéiert de Claude Reuter e Manktem u Gemengepersonal. Wat d'Kritik aus dem Privatsecteur ugeet, dass d'Gemengen de Betriber d'Leit ewechhuelen, do fënnt de President vun der FGFC, dass et näischt bréngt, sech géigesäiteg d'Schold zouzeweisen.

Am Interview huet de Claude Reuter och op d'Affär Hesper reagéiert. Do haten zwee Beamten iwwert bal 20 Joer eng Zomm vu ronn 5 Milliounen Euro ënnerschloen. D'Affär geet am Februar an Appell an d'Fro no der Muecht an der Verantwortung vu Gemengebeamte stoung am Raum. Hei fënnt de Claude Reuter, dass et Iwwerwaachunge gi sollen, ma déi grouss Majoritéit vun de Beamte géifen eng gutt Aarbecht maachen. E Bewäertungssystem wier iwwerdeems keng gutt Léisung, well ee soss riskéiere géing, dass Hierarchie oder perséinlech Preferenzen déi géinge beaflossen. Dofir sollt ee sech éischter op eng Gestion par Projets eens ginn.

Eng Gemengepolice sollt kee gréissere Problem duerstellen, och wann d'FGFC fir den Agent municipal als Ergänzung asteet.

De Prinzip vum "Silence vaut accord", fir méi séier ze bauen, gesäit de Claude Reuter kritesch. Dat wier e groussen Aschnëtt. Déi an aner Bedenke wäert een dem neie responsabele Minister Léon Gloden och beim Rendez-vous Mëtt Januar matdeelen.

Lauschtert dee ganze Reportage: https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun