Eisen neie FGFCmag' ass ënnerwee...

No der grousser Nofro vun eise Memberen si mir frou, iech matzedeelen, dass eisen neien FGFCmag' schonns oder geschwënn an ären Bréifboîte ass! An enger Zäit, wou Digitaliséierung ëmmer méi Plaz anhëlt, ass et awer och schéin, eppes Handfestes an de Grapp ze kréien – e Magazine, deen net nëmmen informéiert, mee och e wichtege Bléck op aktuell Entwécklunge gëtt. Et ass eis wichteg ze betounen, dass den FGFCmag' op FSC-Pabeier gedréckt ass.
Dës éischt Ausgabe steet ganz am Zeeche vun de Sozialwalen 2025 – e Sujet, deen net nëmme wichteg ass, mee dee mir och mat der néideger Kompetenz an Analys uginn. Anerer maache gär – mir als FGFC maachen et richteg! Mir liwwere Fakten an déi richteg Argumenter fir eis Memberen souwéi Gemengepersonal. Dir fannt an dëser Editioun kloer Resultater, Hannergrënn a Perspektiven, déi wichteg sinn, fir d’Zukunft zesummen ze gestalten. Dofir wielt d'Original - wielt d'FGFC - Lescht 5!
Bei verschiddenen Artikelen fannt Dir e QR-Code - maacht eng Foto an Dir gitt direkt op weider Informatiounen zu deem Thema/ Artikel op eisen interessanten Internetsite www.fgfc.lu weidergeleet.
Eis Redaktioun ass ëmmer oppe fir Propositiounen! Wann Dir e Sujet hutt, deen Dir gäre behandelt gesi wëllt – oder souguer selwer en Artikel schreiwe wëllt – da mell Iech gäre bei eiser Redaktioun. Äre Feedback an Är Meenung si fir eis wichteg - bei der FGFC kann een aktiv matgestallten!
Mir wënschen jidderengem gutt Lektür
Hei ass och eng digital Versioun vun eisem FGFCmag' Spezial Walen - Mäerz 2025