Aller au contenu principal Passer au pied de page

Distanzéierung vun de Communiquéë vun déi Lénk an der OGBL-TICE Sektioun

D’FGFC TICE Sektioun distanzéiert sech vun der Positioun vun déi Lénk an der TICE Sektioun vum OGBL, déi an engem Communiqué dem Här Pirrotte en Interessekonflikt tëschent sengem fréieren Employeur Sales-Lenz an dem TICE virgeheien. Den Här Pirrotte krut eng politesch Responsabilitéit vum Wieler ausgeschwat, wou mer respektéieren. Unhand vun de Verhandlunge vun der neier Konventioun, ass et wichteg dass mer als TICE zesumme stinn, an et ass elo net de Moment fir intern Streidereien.

An de leschte Woche sinn op en Neits e lauter Communiquéë vum OGBL-Landesverband publizéiert ginn, an deenen den FGFC oppen attackéiert ginn ass. Mer ginn net weider op dat Spillchen an, an deem et just em Persounen, an net em de Mataarbechter geet. Mer sinn zouversiichtlech dass de Gros vun de Mataarbechter déi populistesch Kommunikatioun duerchkuckt an net drop erafält.

D’FGFC wäert es net midd ginn, fir konstruktiv u Léisungen ze schaffen, an dat mat alle Moyene a Kontakter déi eis zur Verfügung stinn. Fir eis steet de Mataarbechter a seng Interêten am Vierdergrond.

Är FGFC-TICE Sektioun