Aller au contenu principal Passer au pied de page

Digitalisatioun am Gemengesecteur stäerken

D’FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal begréisst d’Initiativ vun der Regierung fir d’Digitaliséierung am ëffentleche Secteur ze stäerken.

Lëtzebuerg huet par Rapport zu verschiddene europäeschen Nopeschlänner e klore Réckstand a punkto Digitaliséierung – d’Offensive kéim also net nëmmen zur richteger Zäit, mee ass och essenziell fir eng modern an effikass Verwaltung.
Trotz dem grousse politeschen Engagement weist d’FGFC drop hin, dass d’Informatik am ëffentleche, a besonnesch am kommunale Secteur, nach wäit ewech ass vun enger kohärenter an effikasser Léisung. Duerch déi aktuell Fragmentéierung feelt et un enger eenheetlecher IT-Infrastruktur an un digitalen Applikatiounen, déi dem Personal um Terrain d’Aarbecht wierklech erliichtert.

Säit längerem monéiert d’FGFC, dass déi zwee Haaptacteuren am Informatikberäich – de SIGI fir de kommunale Secteur an den CTIE fir de Staat – net genuch zesummeschaffen. Et misst eng Prioritéit sinn, fir gemeinsam Standards ze definéieren, déi et erlaben, effizient a kompatibel Léisungen unzebidden. Eng eenheetlech Informatik ass net just eng Fro vun Effizienz, mee och eng onëmgänglech Viraussetzung, fir Prinzippien ewéi den „once only“ Prinzip ëmzesetzen – also d’Vermeidung vu redundantem Informatiounsaustausch mat de Bierger.

D’Digitaliséierung dierf awer net nëmmen technesch funktionéieren – si muss och sozial inklusiv sinn. Et gëllt, all Generatioun an dëse Prozess matzehuelen. Dat bedeit: d’Jugend muss an der Schoul op déi digital Welt preparéiert ginn, an och Senioren dierfen net vergiess ginn, fir net vum administrativen a gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ze ginn.

D’FGFC plädéiert dofir fir eng kloer Strategie, déi d’Zesummenaarbecht tëscht den Institutioune stäerkt, op d’Besoine vum Personal ageet an och sozial Gerechtegkeet an digitaler Participatioun garantéiert. Nëmmen esou kann eng erfollegräich an nohalteg Digitaliséierung am Déngscht vun alle Bierger realiséiert ginn.