Aller au contenu principal Passer au pied de page

De Kleeschen kënnt

Fir d’éischte Kéier organiséiere d’FGFC zesumme mam Kleeschen an senge Gesellen e flott Kannerfest. De Kleeschen wëll sech et dofir net huelen loossen an all Kand bis de Cycle IV 2 abegraff, dat sech an dësem Joer gutt geschéckt huet, als Belounung eng Tiitchen mat Séissechkeeten ze iwwerreechen. All Kand kritt e Bong a kann domat eng Tiitchen vum Kleeschen entgéint huelen.

D’Tute mussen, (och fir Kanner bei denen de Papp oder Mamm net FGFC-Member ass an déi bei dëser Feier och gär eng Tut hätte, well se brav a fläisseg waren) bis spéitstens Méindeg, den 13. November 2023 via Mail bestallt bestallt ginn.

Maacht eis eng Email op kleeschen@fgfc.lu mat:

  1. Numm & Virnumm vun der Begleedpersoun
  2. Numm vum Kand/ vun de Kanner

All Kand kritt e personaliséierte Bong op d'Emailadress vun der Umeldung zréckgeschéckt. Fir Tiitchen beim Kleeschen ze kréien, brauch et den digitalen Noweis um Handy respektiv eng Printversioun vum Bong.

Wann nach eng Fro ze beäntwerte wier, da kann een den Elfen eng Mail maachen kleeschen@fgfc.lu oder um 407720-1 uruffen.

Am Optrag vum Kleeschen