Aller au contenu principal Passer au pied de page

D’FGFC: deng Stëmm am kommunalem Orchester

Mataarbechter, Kolleegen aus dem Gemengesecteur

Stellt iech vir, mir wieren en Orchester. All eenzelne vun eis spillt eng Roll als wichtegt Instrument – vun der haarder Trommel iwwer déi douce Flütt bis hin zu de markante Gei’en. Obwuel d’Instrumenter ganz ënnerschiddlech sinn, entsteet nëmme zesummen e komplette Klang – eppes, dat eleng keen erreeche kéint.

Mir sinn d’Basis vun den ëffentleche Déngschtleeschtungen

  • MIR halen net nëmmen d’Stroossen propper, mee maachen eis Uertschaften zu enger Platz, wou jonk an al sech doheem fillen.
  • MIR garantéieren, datt d’Kanner sécher an d’Schoul kommen an e qualitativ héich Kannerbetreiung genéissen.
  • MIR suergen dofir, datt den ëffentlechen Transport pünktlech a sécher funktionéiert.
  • MIR ënnerstëtzen déi Schwächst duerch empathesch a kompetent sozial Déngschter.
  • MIR garantéieren eng effizient Verwaltung, déi administrativ an technesch Dossiere kompetent traitéieren.
  • MIR maache Kultur a Sport fir jiddereen zougänglech, well se e Recht fir all Mënsch sinn.
  • ….


Dat ass eise gemeinsame Verdéngscht - ouni eis leeft keng Musek! Dat ass eise Gemengesecteur! 

Mee loosst eis éierlech sinn: Eis Leeschtungen, gi vill ze oft net unerkannt. Applaus gëtt seele verdeelt, an den Näid op eis ass Vollékssport. Dat ass näischt Neies - dat däerf awer net eng akzeptéiert Norm ginn.
Dofir fuerdere mir Respekt – net nëmmen a Wierder, mee och duerch konkret Handlungen. Esou wéi all Eenzelnen vun eis dofir säi Beitrag leeschte muss, hunn och eis kommunal Politiker d’Verflichtung, hir Responsabilitéit dofir ze iwwerhuelen.

D’FGFC, ass net nëmmen eng Gewerkschaft, mee mir ginn representativ den Toun un. Heiansdo ass et néideg, kloer an däitlech opzetrieden, heiansdo mat Rou a Beduecht ze agéieren. Eis Missioun bleift ëmmer déi selwecht: deng Interesse an déi vum Gemengepersonal ze vertrieden, ze verdeedegen an aktiv Léisungen unzebidden. 


Mir sinn net de Problem. Mir sinn d’Léisung.

2025 gëtt e Joer vum Kampf, mee och e Joer vun de Chancen. Mir kënnen op en Neits beweisen, datt de kommunale Secteur méi ass wéi just eng Käschtepositioun am Budget - mir sinn d’Fundament vum ëffentlechem Déngscht.


D’FGFC gëtt dir eng Stëmm am kommunalem Ochester. 

D’FGFC ass an bleift deng Stëmm an däi verlässleche Partner fir de kommunale Secteur. Mir stinn un denger Säit – fir all Fro, all Rot an all Erausfuerderung, déi sech stellt.

Mir soe jidderengem e grousse Merci fir säin alldeeglechen Asaz am Beruff wéi fir d’FGFC. Zesumme sti mir fir e staarke Gemengesecteur!

An dësem Sënn: Bleift respektvoll, bleift houfreg, bleift gesond !

Schéi Feierdeeg Iech all
Deng FGFC