Aller au contenu principal Passer au pied de page

D’Fal vum „Gratis“: Wien bezilt um laangem Enn de Präis?

Zu Lëtzebuerg ass d’Diskussioun iwwer „gratis“ Servicer am ëffentleche Secteur zënter Joren e politescht Thema. Mat Initiativen ewéi dem gratis ëffentlechen Transport oder der gratis Kannerbetreiung wëll d’Politik sozial Gerechtegkeet fërderen. Mä déi onsiichtbar Käschte vun dëse Servicer stellen net nëmmen d’Staatsfinanzen op d’Prouf, mä setzen och d’Gemengen ënner immense finanziellen Drock. Besonnesch d’FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal warnt virun de Konsequenzen an dat zemools fir de Bierger.

Gratis Kannerbetreiung: Méi Käschten amplaz Entlaaschtung?

Säit 2022 bidden d’Gemengen eng limitéiert gratis Kannerbetreiung fun. Dës Moossnam soll d’fréi Entwécklung vu Kanner ënnerstëtzen, besonnesch am Beräich vun de Sproochen.

Den eigentleche Präis vun der „gratis“ Kannerbetreiung geet wäit iwwer déi 50 Milliounen Euro eraus, déi all Joers an dës Initiativ fléissen. Fir Stonnen, déi iwwert d’Limitt vun den 20 Gratis-Stonnen erausginn, mussen d’Elteren tëscht 6 an deelweis wäit iwwer 9 Euro pro Stonn bezuelen. Domat ass d’gratis Kannerbetreiung nëmme bedéngt entlaaschtend – besonnesch fir Familljen, déi generell net méi esou vill steierlech ofgesat kréien.

D’FGFC weist och drop hin, datt de System vum Chèque-Service-Accueil (CSA), deen de Staat finanzéiert, net ëmmer gerecht ass. Hei iwwerhëlt de Staat bis zu 6 Euro pro Stonn, mä de Rescht gëtt no den Elteren hirem Akommes gerechent. Dës Prozedur féiert zu héijer Administratioun an deelweis béisen Iwwerraschunge wann Elteren hir Ofrechnung kréien. D'FGFC fuerdert eng besser Ofstëmmung vum System an eng méi transparent Verdeelung vun de Ressourcen, fir maximal déi strukturell Ongerechtegkeeten z’eliminéieren.

Den ëffentlechen Transport: Gratis, awer fir wéi laang?

Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass säit 2020 fir all Bierger gratis. Wat als politescht Prestigeprojet gefeiert gouf, entpuppt sech mëttlerweil als enorm Belaaschtung fir d’Staatskäschten. Fir 2024 sinn 1,6 Milliarden Euro fir de Mobilitéitssecteur virgesinn, dorënner 399,7 Milliounen Euro fir den ëffentlechen Transport.

Dës Käschte verdeelen sech net nëmmen op Operatiounskäschten, wéi d’Maintenance vu Busser oder Zich, mä och op grouss Investitiounen a modern Infrastrukturen an ëmweltfrëndlech Technologien. Déi staark Hausse vun de Käschten – eng Erhéijung vu 43,1 Milliounen Euro am Verglach zu 2023 – gëtt um Enn duerch Steiergelder gedeckt, déi d’Bierger bezuelen.

D’Roll vun de Gemengen: wéi soll dat Ganzt bezuelt ginn? 

D’FGFC betount ëmmer erëm, datt dës sougenannte „gratis“ Servicer och d’Gemengen ënner grousse finanziellen Drock setzen. Besonnesch bei der Kannerbetreiung sinn d’Gemengen direkt betraff, well si déi administrativ Käschte wéi och d’Koordinatioun an Gebailechkeeten z’iwwerhuelen hunn. D’Verbesserung vum Betreiungsqualitéit a d’Aféierung vu méi héije Standarde si positiv, awer ouni eng adequat staatlech Ënnerstëtzung bleiwen d’Gemenge mat ëmmer méi héije Käschten eleng an déi 6 Euro sinn deelweis eng Drëps op de waarme Steen.

Am Fall vum gratis ëffentlechen Transport bleift d’Koordinatioun tëscht Staat a kommunalen Acteuren oft ontransparent. D’FGFC verlaangt méi kloer Reglementer an e fairen Ausgläich, fir dass zemools déi zwee lokal Acteuren d’Laascht och an Zukunft stemme kënnen - wuelwëssend dass just 10 vun 100 Gemengen sech aktiv un der Bezuelung vum Bus-Transport bedeelegen.

Gratis ass net wierklech gratis!

D’Iddi vu „gratis“ Servicer kléngt attraktiv, mä d’Realitéit ass eng aner. Wat als „gratis“ ugebuede gëtt, gëtt a Wierklechkeet duerch Steiergelder an déi ëmmer méi ugespaante Budgete vun de Gemenge finanzéiert. Fir d’FGFC ass kloer: Dës Praxis féiert net nëmmen zu Ongerechtegkeeten, mä stellt och, op laang Zäit gekuckt, déi finanziell Stabilitéit a Fro.

Eng Reform vun dëse gratis Offeren ass dringend noutwendeg. D’FGFC plädéiert dofir, d’Mëttele méi gezielt anzesetzen – zum Beispill fir bedierfteg Familljen ze ënnerstëtzen – an d’Koordinatioun tëscht Staat a Gemengen ze verbesseren, besonnesch am Beräich vum ëffentlechen Transport a Kannerbetreiung.

De Message ass däitlech: „Gratis“ Offere brénge Käschten a Problemer mat sech. Et musse méi gezielt a gerecht Léisunge fonnt ginn, déi eng fair Verdeelung vun de Käschten tëscht Staat, Gemengen a Bierger garantéiert.