Aller au contenu principal Passer au pied de page

CHFEP WALEN - Mir soe Merci

Haut zielt et – leschten Dag fir d’Walen an der Beruffskummer vum ëffentlechen a kommunalen Déngscht!
All déi, déi hire Stëmmziedel nach doheem leien hunn: Haut ass déi lescht Chance, e kloert Zeechen ze setzen! Maach däi Kräiz op der Lëscht 5 a gehei deng Stëmm nach haut an eng Bréifkëscht – gratis, einfach a wichteg.
D’Walzäit ass net nëmmen eng administrativ Prozedur – et ass eng Chance, matzeschwätzen, d’Richtung ze weisen, an déi mir eis kollektiv beweege wëllen. A grad elo ass d’Zäit fir ze weisen, dass mir zesumme stinn.
D’FGFC setzt op d’Stëmm aus dem Gemengesecteur. Kee versteet d'Realitéiten am Terrain besser wéi dir. A kee kann se besser representéiere wéi eng Gewerkschaft, déi kloer fir méi Respekt, besser Aarbechtskonditiounen a professionellt Personalmanagement steet.
Dës Wal ass méi wéi eng Formalitéit – si ass eng bewosst Wiel tëscht zwou Richtungen. An dir hutt d’Kraaft, dës Wiel mat ze beaflossen. D’Resultater komme geschwënn, mee d’Beweegung spiert een elo schonn. Et ass en neit Bewosstsinn entstanen, eng nei Dynamik.
E grousse Merci geet un all déi, déi hir Stëmm genotzt hunn, an un déi vill Hänn , déi matgehollef hunn, dass dës Wale reiwungslos z'organiséieren

FGFC - Zesumme fir e staarke Gemengesecteur