Beruffskummer vum ëffentlechem Déngscht huet festlech seng 60 Joer gefeiert
D'FGFC huet de 60. Anniversaire vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics (CHFEP) matgefeiert, déi sech zënter hirer Grënnung am Joer 1964 fir d'Interesse vun de Beamten a Employéë am ëffentlechem Déngscht zu Lëtzebuerg asetzt.
D’CHFEP, déi duerch e Gesetz vun 1964 gegrënnt gouf, spillteng zentral Roll bei den Avisen vu Gesetzer a Reglementer, déi den stattlechen a kommunalen Déngscht betreffen. Besonnesch duerch hir Onofhängegkeet a Kompetenz huet si sech als en onverzichtbare Partner etabléiert. Nieft hirem Initiativrecht bei Gesetzesvirschléi iwwerwaacht si och d’Ëmsetzung vun de bestoende Reglementer.
E wichtegen Héichpunkt vun der Feier war de Virtrag vum Professer Dr. Jörg Gerkrat vun der Universitéit Lëtzebuerg, deen iwwert déirechtlech Stellung an d’Onofhängegkeet vun der CHFEP am Kader vun de rezente Verfassungsännerunge geschwat huet. Seng Ausféierungen hunn d’wichteg Roll vun der Chamber ënnerstrach.
De Premierminister Luc Frieden huet a senger Ried bedeitend Aarbecht vun der CHFEP gelueft an hir Schlësselroll fir d’Entwécklung vun engem modernen an effizienten ëffentlechen Déngscht ervirgehuewen.
D’Feierlechkeete goufe musikalesch vun der militäresche Band "Quintette à cuivres" begleet, wat fir e feierleche Kader gesuergt huet.
Mat Bléckop d’Sozialwale vu Mäerz 2025 ënnersträicht d’FGFC d’Wichtegkeet vun der Walbedeelegung. Mat enger grousser Campagne wäert d’CHFEP déi 64.000 stëmmberechtegt AgentenInnen mobiliséiere an opruffen vun hirem Walrecht gebrauch ze maachen.