Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Mäerz 2022

Kolleeginnen an Kolleegen,

Net méi spéit wei den Donneschdeg 3. Mäerz waren mir als FGFC-ASAM op den Innenministère gelueden fir gewuer ze ginn wei dem Agent Municipal seng Carrière an Zukunft soll ausgesinn.

Dat ass bestëmmt keen Zoufall:

  • Den selwechten Dag hat den INAP eis invitéiert fir den 16. Mäerz mat hinnen iwwert den Volet Formatioun ze kucken. Et gëtt also ganz konkret d’Ëmsetzung vun eisen Kompetenz Erweiderungen preparéiert.
  • Och den 3. Mäerz huet den Staatsrot den Ordre du Jour fir den Dënschdeg 8. Mäerz publizéiert: den PL7126 ass drop.

Et gëtt also ganz konkret d’Ëmsetzung vun eisen Kompetenz Erweiderungen preparéiert.

Den Innenministère huet eis informéiert, datt si folgenden Text deposéieren:

  • All Agent Municipal gëtt an den D,1 reklasséiert (Tableau vum Artisant)
  • All Agent Municipal kritt eng Prime d’Astreinte fixe vun 12 Punkten
  • D’Prime de Risque gëtt vun 10 op 15 Punkten gehéicht
  • All Agent Municipal deen d’Konditiounen vum zukünftegen Art. 15-1bis. vum Code de procédure penale (CPP) erfëllt krit eng net pensionabel Prime de Police vun 10 Punkten.

Oft gestallten Froen

Vum D,2 an den D,1 Reklasséieren, wat heescht dat?

  1. Dir zielt är Déngschtjoren ab der définitiver Nominatioun.
  2. Dir kuckt an wéi engem Grad dir wiert wann dir déi Déngschtjoren net am D,2 mee am D,1 gemaach hätt.
  3. Dir kuckt an deem neien Grad wéi een Echelon d’selwecht vill Punkten huet wéi dir am Moment hutt. Dohin gitt dir dann Reklasséiert an är Carrière entwéckelt sech vun do aus normal weider. Wann et keen Echelon mat d’selwecht vill Punkten gëtt, gëtt opgeronnt.

Tableauen mat den Graden, Punkten an Echeloen, an wéivill Geld dat jeeweils ass fannt dir op eisem Internet Site http://www.fgfc.lu/online/www/datapool/remuneration/FRE/index.html

Gett et an Zukunft een Ënnerscheed zwëschen engem Agent Municpal / Garde Champêter an engem Agent Municipal ouni Garde Champêtre?

Et gëtt nach zwee Texter (iwwert Notz Déiereschutz an iwwert d’Police rural) an deenen den Garde Champêtre Befugnisser huet déi den Agent Municipal net iwwerdroen krut.

Och gëtt et am CPP d’Art. 14-1 an 14-2 déi den Agent Municipal net huet.

12 Punkten Prime d’Astreinte fixe krit den Garde Champêter der net 22?

Dat ass richteg. Mir hunn am Virfeld an och gëschter dorop higewisen, an wäerten dat an der Commission centrale, an och an eisem Avis fuerderen: all Agent soll déi 22 Punkten kréien. Fir den Ament wiert den Ministère sech nach dogéint.

Behalen ech als Garde Champêter déi 22 Punkten Prime d’Astreinte?

Jo – wann dir awer z.B. d’Gemeng wiesselt verléiert dir se.

Wat sinn d’Konditiounen vum Art. 15-1bis. vum CPP?

D’Konditiounen sinn: gepackten Promotiouns Examen + eng Formatioun um INAP. Dësweideren verlaangt d’Reglement iwwert d’Nationalitéiten datt een fir dësen Volet muss d’lëtzebuerger Nationalitéit hunn esou wéi et elo schonn beim Garde Champêtre ass.

Wéini kennt dat?

Normalerweis Parallel mam an Akraafttrieden vum PL7126 deen den 8 Mäerz um Ordre du Jour vum Staatsrot steet. Kennt do keng Oppositioun méi kann den Text nach an der selwechter Woch gestemmt ginn an trëtt 6 Méint duerno um Terrain an Kraaft.

Wou kann ech dat noliesen?

Den Text zur Carrière ass leider nach net disponibel.

Den Text zum PL7126 fannt dir hei: https://chamber.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doDocpaDetails&backto=/wps/portal/public/Accueil/Actualite&id=7126

Wat geschitt wann spéiderhin d’Harmonisatioun vun den C an D Carrièren kennt?

Déi Fro hunn mir och gestallt an dem Ministère konkret Proposen gemaach wéi een dat kéint ëmsetzen. Leider refuséieren si am Moment doriwwer ze verhandelen well et nach keen Gesetzestext géif ginn mee just den Gehälter Accord.

Ech sinn nach net Member bei der FGFC-ASAM wou kann ech mech umellen?

http://www.fgfc.lu/online/www/nav-content/adhesion/FRE/index.html