Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Juli II 2022

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den Mëttwoch den 13. Juli ass den projet de loi relatif aux sanctions administratives communales et à l'élargissement des compétences des agents municipaux an der Chamber mat 58 zu 2 Stëmmen ugeholl ginn. D’Gesetz trëtt domat den 1. Januar 2023 an Kraaft.

Fir den Ament schaffen mir mat den verschidden Acteuren zesummen fir:

  1. Eng Informatiounsversammlung ze organiséieren,
  2. D’Formatiounen prett ze kréien an ze organiséieren,
  3. Den Gemengen een Reglement “Typ” ze presentéieren dat se wéi een Baukastensystem kennen benotzen änlech wéi beim Verkéiersreglement.

Natierlech sinn mir hei net eleng an mussen eis geleeëntlech en bëssen an Gedold üben.

Besonnesch déi Leit déi zur Zäit am Stage sinn hunn domat ze kämpfen, datt d’Reform vum Stage (déi net direkt eppes mat der Reform vum Agent Municipal ze dinn huet) méi wéi holperech iwwert d’Bün geet.

Mir hunn dem Ministère ugebueden Formatiounen déi vun eis Assuréiert ginn zur Nout méi oft ze halen fir ze garantéieren datt jiddereen drun kennt.

Wichteg ze wëssen: Am Stage muss een fir all Formatioun eenzel ugemellt ginn och wann een als Agent Municipal am Géigesaz zu aneren Carrièren fir d’Formation spéciale keen Choix huet – den Programm ass fix: https://fonction-publique.public.lu/fr/formation-developpement/formationintitiale/agentsserviceprovisoiresecteurcommunal/formationspecialesecteurcommunal.html

Am Kontext vun der Harmonisatioun vun den C an D Carrièren wäerten mir bis Enn Juli een Avis ofginn. An deem Kontext gëtt et nämlech wichteg datt d’Harmonisatioun fir eis op keen Fall dierf Réckwierkend ugewannt ginn, well soss den D2 geholl gëtt aus Ausgangspunkt an net den D1 an deen mir reklasséiert ginn.