Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Januar 2025

Kolleeginnen a Kolleegen,

D’Joer ass nach kee Mount al a mir hu schonn eng ganz Rei opweises ...

De Rapport vun der Inspektioun vun der Police, der IGP ass dëse Mount an der Chamber virgestallt an och publizéiert ginn.

An dem Kontext hate mir Enn 2024 d’Chamberfraktiounen a politesch Sensibilitéiten ugeschriwwe fir iwwert d’Ëmsetzung vun der Kompetenzerweiderung an och iwwert d’Zukunft vum Agent Municipal ze schwätzen. 
Déi absolut Majoritéit vun den Deputéierte stellt sech voll a ganz hannert den Agent Municipal a seng Aarbecht an ënnerstëtzt eis bei der Fuerderung no méi Formatioun, dem Ëmsetze vun den Elementer vun der Kompetenzerweiderung déi nach feelen an dem weideren Ausbaue vun eise Kompetenzen do wou dat pragmatesch a sënnvoll ass ouni datt mir eis onnéideg a Gefor musse bréngen.

Mam SYVICOL si mir eis eens, datt besonnesch kleng a mëttel Gemengen, déi net wéi eng VDL oder Esch, fir nëmmen déi gréissten ze nennen, Millioune Recetten aus hirem Parking payant kennen zéie fir hier Agentinnen an Agenten ze finanzéieren, sollte beim Opbau vu gemeinsame Servicer vum Staat finanziell ënnerstëtzt gi.


Beim MAINT, dem SYVICOL an der Chamber hu mir ee Rappell gemaach, datt eis ëmmer nach keng Kontosnummer zougedeelt gouf fir dat mir kennen ATen am Kader vun de Spezialgesetzer ausstelle. Natierlech ass dat Ganzt technesch e bësse méi komplex mee och dofir hu mir Léisungen ugebueden.

Mat Ettelbréck probéiert sech eng weider Gemeng doran d’ëffentlech Sécherheet ze privatiséieren. Eng Sécherheetsfirma patrulléiert do Owes duerch d’Stroossen an intervenéiert ënnert anerem bei Verstéiss géint d’Policereglement.

Des Aufgabe sinn dem Gesetz no kloer der Police an dem Agent Municipal zougedeelt. Mëttelfristeg wieren déi politesch Responsabel also gutt beroden an hiren Service ze investéieren an dësen auszebauen amplaz ëffentlech Geld zur Fënster erauszepuche fir eng PR Aktioun.

Dann nach eng kéier un eise “Save the Date” fir eis Versammlunge zu Miesdref, 14 rue d’Ettelbruck an dat den: Dënschdeg 4 Mäerz 2025 um 19.00 Auer