Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Februar 2023

Den Donneschdeg 2. Februar waren mir am Kader vun der Commission Centrale zesummen mat den Vertrieder vum SYVICOL an dem MINT zesummekomm. Niewent Themen déi den ganzen Secteur betreffen goufen och konkret Punkten ronderëm eisen Beruff diskutéiert

Am Kader vum Gesetz iwwert déi administrativ Strofen an d’Kompetenzerweiderungen feelen nach 3 wichteg groussherzoglech Reglementer:

  • D’Opwäertung vun der Carrière déi zanter Juni 2022 beim Staatsrot läit
  • D‘Ëmsetzung vun den Befugnisser am Kader vum Déchetsgesetz
  • D’Ëmsetzung vun den Befugnisser am Kader vum Fëschereigesetz

-------------------------------------

Den MINT bleift bei senger Anschätzung: Wann een Agent Municipal iwwert den Mécanisme temporaire de changement de groupe de traitement vum D2 an den C1 wiesselt verléiert en seng Attributioun als Agent Municipal. Déi concernéiert Gemeng(en) wier(en) informéiert.

  • Mir hunn eis Revendicatioun widderholl, datt den Agent Municipal am Kader vun der Harmonisatioun vun den C an D Carrièren explizitt soll d’Méiglechkeet kréien seng Attributiounen ze halen wann den Agent weiderhin déi Aarbecht mécht.

Den MINT huet des Revendicatioun novollzéibar an raisonnabel genannt. Nach virun der Ouschtervakanz soll Konkret iwwert d’Harmonisatioun an der Commission Centrale geschwat ginn.

-------------------------------------

Am Kader vun der Formation Spéciale, déi bekanntlech net gutt aus den Startlächer koum an ouni den Engagement aus eisen Reien emol nach net un den Depart gaangen wier kommen mir lues awer sécher virun.

  • Bedéngt duerch d’Reform vum Stage, der Reform vun der Reform an der Reform vum Beruff, gëtt et Kandidaten déi ouni eegen verschëlden zanter iwwer 3 Joer am Stage setzen, deen deelweis schonn 2 mol huet missen verlängert ginn, ouni eng Chance gehat ze hunn den Examen ze maachen.

Den MINT huet kloer gestallt, datt si an engem Fall wou den Kandidat beim Examen en Feeltrëtt hätt eng Décisioun vun der Gemeng den Stage ze verlängeren géifen duerchwénken.

-------------------------------------

Zum Accord salarial ass ze soen, dass d’ Erhéijung vun 5% vun der Valeur op den éischten 100 Punkten, dat sinn 106 € Brutto Zäitgläich bei eis ewéi beim Staat kommen ouni dat muss een separaten Text dofir geschriwwen ginn.

-------------------------------------

Bleift gesond an passt gutt op Iech an är Léifsten op.
FGFC-ASAM