ASAM INFO – Dezember 2025
Kolleeginnen a Kolleegen,
Ee mouvementéiert Joer geet op en Enn gepräägt vu grousse gesellschaftspoliteschen Dossieren.
Hannert de Kulissen hu mir och dëst Joer nees alles gemaach, fir de Beruff vum Agent Municipal weiderzebréngen. Onbemierkt vu villen ginn eis Befugnisser mat Effekt op Januar 2026 erëm e klengt Stéck erweidert. Des kéier am Antitubaksgesetz wann et em d’Fëmmen op de Spillplaze geet. Mir preparéieren zur Zäit d’Formatioun dozou vir.
Eng weider Formatioun, déi zum Offallgesetz, hu mir ufanks des Joers am Kader vun eiser Aus- a Weiderbildung opgesat:
Eng Rei Formatiounen aus der “Formation continue” si fir eis Stagiairen als “formations au choix” fräigeschalt ginn:
Am Kontext vun de Formatiounen hunn d’Gemenge Miersch, Lëntgen, Fëschbech, Fiels, Luerenzweiler an Helperknapp ee Stage Projet opgestallt, deen et anere Gemengen erméiglecht hir Stagiairen ab 2026 fir 3 Méint an ee praktesche Stage bei hire Service de proximité ze detachéieren.
Dëst soll virun allem klénge Gemengen zegutt kommen déi selwer nach keng Erfarung mam Beruff vum Agent Municipal hunn oder déi net esou opgestallt sinn datt se d’Ausbildung selwer kenne garantéieren.
Schlussendlech si mir dëse Mount endlech an de Prozess zu den Avertissements Taxés bei de Spezialgesetzer agebonne ginn, esou datt mir gudder Déng sinn dass des fir 2026 kéinten operationell sinn.
Wat erwaart eis fir 2026?
Verschidde Reformen an Ännerungen si virgesinn, am Code de la route a bei Spezialgesetzer. Mir si prett fir déi Modifikatiounen anzefuerderen déi fir eis Aufgabe sënnvoll sinn.
Justifiéiert duerch déi verschiddenen Ännerunge muss den Agent Municipal d’Méiglechkeet kréien sech an der Carrière weiderzeentwéckelen.
Mir wënsche iech an äre Léifste, eng gutt Gesondheet an e gudde Rutsch!
FGFC-ASAM