Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – August 2024

Kolleeginnen a Kolleegen, 

 

D’Haltschend vun der Summervakanz ass ëmm an och wann et no baussen roueg war déi leschten Méint, esou hu mir fläisseg weidergeschafft.  

------------------------------------- 

Mir haten d’lescht Joer d’Initiative ergraff an hunn eng nei Virlag fir Policereglementer ausgeschafft. Am Juli huet de Ministère des Affaires intérieures een neie Reglement Typ erausginn deen op eiser Viraarbecht opbaut:  https://maint.gouvernement.lu/fr/circulaires/circulaires2024/circulaire-2024-058.html  

------------------------------------ 

Am Mäerz huet d’Inspektioun vun der Police (IGP) op Demande vum Ministère des Affaires intérieures mat enger Etude iwwert d’Collaboratioun vun den Agents Municipaux an der Police ugefaangen. Mir waren eis mat der IGP eens, datt all Agent Municipal misst gefrot ginn an dëst ass och geschitt. Mir kruten gesot datt selten bei enger Ëmfro esouvill Léit matgemaach hätten wei bei den Agents Municipaux. 

------------------------------------- 

Am Juli ass de Projet de loi 8429 deposéiert ginn an deem et em “d’pouvoirs de police communale” geet. Hannert dëser Beschreiwung; déi näischt mat der Police locale ewéi mir se zur Zäit an der VDL an zu Esch gesinn ze dinn huet; verstoppt sech een Text deen d’Gemengegesetz ännert an de Gemengen, vereinfacht ausgedréckt, soll d’Méiglechkeet gi verschidde Saachen ze reglementéiere fir déi se zanter der Ännerung vun eiser Constitutioun 2023 keng legal Basis méi haten. An deem Kontext sinn dann och 3 néi sanctions administratives geplangt an den Text vun deenen anere gëtt zum Deel adaptéiert: 

------------------------------------- 

Net all d’Bestëmmungen déi d’Gemengen an der Zäit konnten huele kenne mam Projet de loi 8429 erëm etabléiert gi. Dëst läit dorun, datt déi betraffe Reegelen och am nationale Gesetz ze fanne sinn. Dofir dierfen se dann net parallel am Polizeireglement vun der Gemeng stoen. Z.B. kann d’Gemeng d’Fëmmen op hire Spillplazen net méi verbidde. Fir deem entgéintzewierke setze mir eis dofir an, datt den Agent Municipal Zougrëff op déi National Bestëmmung kritt fir dat ze kompenséieren. 

 

Esou ass am Projet de loi 8333 virgesinn dem Agent Municipal d’Méiglechkeet ze ginn d’Fëmmen op enger Spillplaz ze sanktionéieren – dëst och iwwert een Avertissement Taxé:  https://www.chd.lu/fr/dossier/8333  

------------------------------------- 

Domat ass kloer wéi wichteg et ass, déi Elementer vun eiser Kompetenzerweiderung déi nach net operationell sinn ëmzesetzen. Z.B. den Avertissement Taxé bei de Spezialgesetzer. 

 

Um Ministère des Affaires intérieures wëssen se dat an eis gouf versprach, dass dëst an Ugrëff geholl gëtt, esoubal de Projet de loi 8429 um Instanzewee ass – also quasi elo.