Aller au contenu principal Passer au pied de page

Allerhellegen – E Moment vum Erënneren (1)

Op Allerhellegen denke mir un all déi Mënschen, déi net méi ënnert eis sinn.

Mir erënneren eis un hiert Liewen, hir Léift, hir Guttheet an un déi schéi Momenter, déi si eis geschenkt hunn.

Als FGFC gëllt eist Erënneren haut och ganz besonnesch all eise verstuerwene Memberen, déi eis Federatioun iwwer d’Jore begleet, ënnerstëtzt a matgestalt hunn. Hiren Asaz an hir Verbonnenheet bleiwen onvergiess.

Och wa si net méi bei eis sinn, liewe si an eisen Häerzer an an eisen Erënnerunge weider.

E besonnesche Gedanke geet haut un eisen Tunn Wagner, deen eis de 27. Oktober verlooss huet.
Den Tunn war e wichtege Pilier vun der FGFC an der Stad Lëtzebuerg. Iwwer vill Joren huet hie sech als Personaldelegéierten a besonnesch och fir d’Handwierker agesat.

Am Waasserwierk doheem, mam Fussball a mam Gesank verbonnen, hat den Tunn nach esou munch aner Talenter. Virun allem war hien e Mënsch, deen sech mat Häerz a Séil engagéiert huet.
Merci Tunn, fir alles wat s du geleescht hues. Mir wäerten dech a gudder Erënnerung behalen.

Senger Famill eist opriichtegt Bäileed.

D’FGFC wënscht iech an äre Familljen e rouegen a besënnlechen Allerhellegedag