Accord salarial 2022 - endlech Fortschrëtter: Publikatioun vun de Punkten 3,4 & 11

Enfin!! Nodeems de 26. November 2024 den Avis vum Staatsrot zu den opstoende Punkten am Accord salarial 2022 fir de Gemengesecteur publizééiert ginn ass - ass elo endlech den applizéiernden Text (Mémoral PDF) zu follgende Punkten do - dat mat enger Retroaktivitéit op den 1. Juli 2023
Punkt 3
Avec effet à partir du 1er juillet 2023, les majorations d’échelon pour postes à responsabilités particulières sont augmentées de 5 points indiciaires.
Dat bedeit fir Lafbunnen vum Fonctionnaire an Employé communal follgend Erhéigung:
- A1 an Fonction dirigeante, aktuell 25 Punkten op 30 Punkte
- A2 aktuell 22 Punkte, op 27 Punkte
- B1, aktuell 20 Punkte, op 25 Punkte
- C1 & D1 Agent de Transport / Sapeur pompier, aktuell 15 Punkte, op 20 Punkte
- D1, D2 & D3 aktuell 10 Punkte, op 15 Punkte
Punkt 4
Le pourcentage limite de majorations d’échelon pour postes à responsabilités particulières est porté à 30 % de l’effectif des fonctionnaires défini pour chaque groupe de traitement et de l’effectif des employés défini pour chaque groupe d'indemnité au sein de chaque administration. Ce pourcentage ne constitue pas un but à atteindre, mais une limite maximale.
Punkt 11
Dans les groupes de traitement et d’indemnité B1, une prime de brevet de maîtrise et une prime de brevet de technicien supérieur (BTS) sera introduite avec effet à partir du 1erjuillet 2023. Elle sera attribuée, sous réserve qu’il est établi que la détention de ce diplôme constitue une qualification supplémentaire en relation directe avec les missions liées au poste occupé, selon les modalités suivantes:
- 10 points indiciaires au cours des cinq premières années de service
- 15 points indiciaires à partir de la sixième année de service
D'FGFC bleift hei bei hirer Fuerderung, dass all Artisan, deen e Changement de groupe an den Expéditionnaire technique gemaach huet an seng Prime vun der Meeschterkaart verluer huet - erëmkritt. Diplom ass Diplom an eis Leit am Handwierk, wéi och eist Personal am Beruff vum Schwammmeeschter hunn hir Unerkennung verdéngt. Spéitstens muss dat am Kader vun der Harmonisatioun vun de Gruppen C & D geschéien!
Pragmatësch Léisung fir eis Personalbüroen
Mir als FGFC proposéieren déi ganz retroaktiv Berechnung an eng Prime unique ëmzewandelen. Mat den aktuellem Steierbarème souwéi Punktwäert op den 1.1.2025 berechent wier et fir eis Personalbüroen a villen Hisiichte méi einfach. Natierlech bräicht et heifir nach e puer Accorden, och säitens dem Ministère - dach sollte mir elo séier a pragmatesch Léisungen applizéiere bei der jiddereen e Virdeel huet.