kand

"Alleguer gesi mer d’Problemer, mee bal jidderee mëcht weider mat !"


Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg

"Alleguer gesi mer d’Problemer, mee bal jidderee mëcht weider mat !"

Als Reaktioun op den Interview vum Gilbert Pregno op RTL zum Thema «Gewalt an der Schoul» souwéi dem Lieserbréif vum Patricia Heck dës Woch, steet et un, sech hirem Courage unzeschléissen a sech, genau wéi si, mat dësem dréngende gesellschaftlechen Thema solidaresch ze weisen. Villäicht dréit meng Siicht als Gewerkschaftler mat dozou bäi, datt mer endlech mat eiser allgemenger Attitüd vum “weider esou” Schluss maachen.

Zënter Joren huelen déi deeglech gewerkschaftsintern Reklamatioune vun eise Memberen aus dem sozio-edukative Beräich vun de Gemengen ëmmer méi zou. Dës virrangeg Fraen, awer och Männer, schaffen am kommunale Sekteur virun allem a Betreiungsstrukture  wéi Maisons Relais, Foyers du jour, Crèchen, Jugendheiser an awer och Altersheemer.

Eis Leit bekloen sech virun allem datt se mat de grousse Kannegruppen iwwerfuerdert sinn. Dobäi kommen déi vill sougenannt “verhalensopfälleg” Kanner, déi sech - fir et emol onpädagogesch auszedrécken - innerhalb vun der Schoul a Maison relais total donieft behuelen. Doriwwer eraus gi vill Kanner ëmmer méi aggressiv géint sech selwer, géint aner Kanner oder géint d’Personal. De Krankestand vun eise Leit wiisst permanent, well se et einfach net méi packen.

Op Gronn vun der héijer Unzuel vun de Kanner ass et och schwéier méiglech op all Kand individuell anzegoen, jo et ze förderen an et esou ze ënnerstëtzen. Besonnesch de Bedürfnisser vu Kanner, déi méi wéi wibbeleg sinn, sech ganz zeréck zéien, Sproocheproblemer hunn, sech net agliddere kennen, Trennungsängscht hunn a villes méi, ass et bal onméiglech Rechnung ze droen.

Dobäi kennt ëmmer méi haarde Kaméidi, wou jiddereen sech Gehéier wëll verschafen, wat zu engem zousätzleche Stress bei Kanner a Personal féiert. Dauernde Personalmangel féiert oft dozou, datt keng Virbereedungszäit fir d’Stonne virgesinn ass. Déi vill beschwuere perséinlech Betreiung muss esou aus dem Aarm gerëselt ginn.

No bausse verkeeft déi national an déi lokal Politik et esou wéi wann d‘Qualitéit an der Kannerbetreiung iwwer alles giff stoen, an datt et, virun allem Dank hirer Interventioun, eise Kanner hei u näischt géif feelen. Tatsaach ass awer: Et geet just oft nëmmen nach ëm reng versuergen. 

Wann eis Leit innerhalb vum Gemengeservice sech intern wieren oder Froen opwäerfe wéi dat soll weider goen, gëtt ouni Enn banaliséiert an et heescht: Nëmmen net no bausse domadder goen! Als Politiker steet een effektiv schlecht do, wann ee muss zouginn, datt d’Kanner vun de Bierger net esou gefördert ginn, wéi erwaart. Eis Leit hunn Angscht  dës Zoustänn no bausse public ze maachen, well si perséinlech Konsequenze fäerten. Natierlech bleift dat Ganzt net nëmmen e Problem vum Service public, bei deene Privaten ass et net anescht; hei muss iwwerdeems nach Geld mat der Betreiung verdéngt ginn.

Et ass awer och esou, datt net iwwerall chaotesch Zoustänn herschen. Et ginn och vill Strukturen, wou de Problem manner grouss ass. Mir schéngt awer, datt mer mat engem grondleeënde gesellschaftleche Problem konfrontéiert sinn, deen zum Beispill am kommende Wahlkampf thematiséiert misst ginn.

Mir sinn eng Gesellschaft ginn, déi virrangeg nëmmen nach no materielle Wäerter kuckt. Den Drock matzehalen, dobäi ze sinn, bäi wat och ëmmer, spiert jiddereen. Dobäi opferen mer dat wat eis am wäertvollste misst sinn, eis eege Kanner...

Et leeft eppes grondleeënd schif, och am Land Lëtzebuerg, trotz oder ebe grad wéinst eisem oft vill zitéierte materielle Räichtum. Alleguer gesi mer d’Problemer, mee bal jidderee mëcht weider mat.

Marco Thomé
FGFC-President

 

Interessant Link'en zum Thema :

FGFC-mag' REPORTAGE: Kind und Karriere : Ein kontroverses Thema
FGFC-mag' ENQUETE: Vie moderne, nos enfants et nous-mêmes