yuriko 1

Yuriko Backes


Cheffin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg : D’EU muss sech aktuell wichtegen
Diskussioune stellen.

D’Europäesch Kommissioun huet an allen 28 Memberlänner vun der EU eng Representatioun. Zanter knapps engem Joer ass eng Lëtzebuergerin, d’Yuriko Backes, un der Spëtzt vun dëser Institutioun an der Stad beim Krautmaart. Mir hunn eis mat hir am Haus vun der Europäescher Unioun getraff, wou all Bierger sech am Visiteurszenter iwwert d’Europäesch Unioun informéiere kann.

Dir hutt ënnert anerem an den USA
an a Japan gewunnt. Wéi geet een domat ëm, dacks fir d’Aarbecht d’Ëmfeld ze wiesselen ?


Et ass natierlech komplizéiert, grad wann ee bis eng Famill huet. Fir mäi Mann, deen ech zu New York kenne geléiert hunn, war et och net ëmmer einfach. Hien huet sech an all Stad misse professionell upassen. An der Zäit tëscht Bréissel, Tokyo a Lëtzebuerg, huet mäin eelste Bouf innerhalb vun dräi Joer véier mol d’Schoul gewiesselt. An awer bréngt dat der Famill a mir perséinlech definitiv eng immens Oppenheet. Ëmmer op der selwechter Plaz ze wunnen huet och seng Avantagen, bréngt sécherlech méi Stabilitéit an d’Liewen. Ech sinn en anere Wee gaangen, dee mech fille räichen Erfahrungen exposéiert huet. Fir mech sinn Diversitéit an Toleranz eng Selbstverständlechkeet. Interkulturelle Respekt ass wichteg an dat léiert een eben och, wann ee selwer Auslänner an engem frieme Land ass.

Ass et no deene Weltstied schwéier, erëm zu Lëtzebuerg ze sinn ?

Nee guer net, engersäits well ech ëmmer eng enk Bindung zu Lëtzebuerg behalen hunn duerch d’Sprooch an déi vill Reesen heem bei d’Famill. Anerersäits duerch de multikulturellen Aspekt vu Lëtzebuerg. Ech fannen et ass agréabel hei ze wunnen. Mir hunn eng gutt Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg. Ech weess et ze schätzen, dass vill verschidden Nationalitéite friddlech zesumme wunnen a sech hei wuelfillen. Dat gëtt et net iwwerall. A Japan zum Beispill wunnen nëmmen 1 % Auslänner.

Wéi sidd Dir bei d’Representatioun komm ?

Ech sinn an der Carrière diplomatique vum Ausseministère, an elo fir d’Dauer vu menger Aarbecht bei der Kommissioun fräige­stallt. Deemno hunn ech elo d’Chance fir déi puer Joer Gas ze ginn, an dat wäert ech och maachen. Ech schaffe bei der Kommissioun säit dem 1. September 2016. Et ass sécherlech en Challenge. Mir sinn eng flott, awer iwwersiichtlech Équipe vun 11 Leit, déi extrem motivéiert ass. Zesumme versiche mer, déi 10 Prioritéite vun der Europäescher Kommissioun um nationale Plang ëmzesetzen. Mir sinn och hei fir dem Bierger nozelauschteren an dat mat an eis Aarbecht anzebannen. Ech sinn och mat der Realitéit um Terrain vertraut. Ech hu während sechs Joer als Conseiller diplomatique vun de Premier Ministere Jean-Claude Juncker a Xavier Bettel keen Europäesche Conseil verpasst, an d’Institutiounen och vu banne kenne geléiert. Dofir scheien ech keng Kritik. Ech wiere mech awer géint pauschal Aussoen, well déi féieren net zu engem konstruktiven Dialog.

Wat sinn d’Aufgabe vun der Representatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg ?

Et kann een sech et e bësse wéi eng Ambassade virstellen. Engersäits
representéiere mir d’Kommissioun hei
zu Lëtzebuerg a probéieren d’Relatiounen tëscht der Kommissioun an anere Lëtzebuergeschen Institutiounen ze verdéiwen. Op der anerer Säit ass et eis Aufgab, d’Kommissioun zu Bréissel ze informéieren, wat déi wichteg Dossieren an Entwécklungen hei am Land sinn. Den drëtte Volet ass d’Kommunikatioun mat de Bierger an der Zivilgesellschaft. Et ass eisen Job, fir iwwert d’EU ze debattéieren an d’Bierger iwwert d’Europäesch Unioun an d’Politik vun der EU Kommissioun ze informéieren. D’Representatioune sinn ënnert dem President Juncker immens opgewäert gi well hien se och als seng Ambassadeure vun der Kommissioun an de jeeweilege Memberlänner gesäit. Ee kloert Ziel ass et, méi eng politesch Kommissioun ze sinn. Dofir goufen och zéng konkret Prioritéiten ausgeschafft,
déi europawäit all d’Bierger concernéieren
an déi mir hei versichen ze vermëttelen.

Wéi gesitt Dir aktuell den Zoustand vun der EU ?

D’Europäesch Unioun muss sech am Moment villen Erausfuerderunge stellen, dat gëtt oft als „Polykris” bezeechent : Finanzkris, Migratiounskris, Brexit, Onsécherheet op de Baussegrenzen, héije Chômagetaux… Dat alles huet zu engem gewëssene Pessimismus bäigedroen. An awer gesinn ech eng positiv Zukunft vun der EU, well ech sinn der Meenung, dass Defis’en déi eenzel Memberlänner éischter zesumme bréngt, ewéi auserneen dreift. Der Kommissioun hiert Wäiss-Buch iwwert d'Zukunft vun Europa ass an dësem Kontext och eng wichteg Grondlag
fir ze kucken, wéi mir zu 27 eis Zukunft gestalte wëllen.
Dobäi kënnt, dass a verschiddene Länner, wou Rietspopuliste sech an de leschte Wahle presentéiert hunn, iwwerall Stëmmen a Sëtzer verluer hunn. Gläich­zäiteg ass eng pro-europäesch Regierung a Plaz komm, an d’Populiste sinn net esou gestäerkt ginn, wéi gefaart.
Ausserdeem ginn et positiv Biergerbeweegungen, ewéi Pulse of Europe, wou d’Bierger fir d’EU an hir Wäerter op d’Strooss ginn, an net, wéi oft gesinn, nëmme géint eppes protestéieren.
Des europawäit Beweegung vu Bierger fir Bierger huet eppes ustiechend Positives. Dat gëtt mir d’Zouversiicht, dass et nach Leit gëtt, déi sech fir Europa an eis
Wäerter asëtzen.

De President Jean-Claude Juncker schwätzt ëmmer vun der sozialer EU, wéi wäit si mer dovunner ewech ?

Eleng iwwert dat Thema kéint ee Stonne schwätzen. Europa huet éischter wéineg Kompetenzen am Beräich vun der Sozialpolitik, do si mer am Kompetenzberäich vun den eenzele Memberlänner. An awer ass um Europäesche Plang schon immens vill geschitt. De Prinzip vun équité salariale zwësche Männer a Fraen ass am Vertrag vu Roum verankert. Iwwert d’Jore sinn d’Sozialstandarden an allen EU Länner duerch d’europäesch Integratioun erhéicht ginn. Dozou gëtt et nach e ganze Koup ze soen ! D’Roll vun der Kommissioun ass, de Memberlänner Initiativë fir besser Aarbechts-
a Liewenskonditiounen ze proposéieren. D’Kommissioun huet zum Beispill viru kuerzem eng Propositioun iwwert de Congé de paternité lancéiert. Konkret géif dat fir Lëtzebuerg heeschen, dass een vun haut 2 Deeg, op 10 Deeg erop goe géif. Déi aktuell politesch Diskussioun an der Chamber baséiert deemno op der Kommissioun hirer Propositioun. D’Propositioune mussen dann an de Memberlänner, respektiv tëscht de Memberlänner diskutéiert ginn. Wat net heescht, dass se och tel quel adoptéiert ginn. De Congé parental, deen een aktuell huele ka bis d’Kand sechs Joer huet, sollt op 12 Joer erop gesat ginn. Dat si konkret Propositiounen, op Basis vun deene ka verhandelt an décidéiert ginn.

Et ginn Initiativë fir den ëffentlechen europäesche Secteur ze reforméieren, wat sinn déi dréngendste Baustellen ?

D’Kommissioun Juncker huet eng Reform am ëffentlechen europäesche Secteur agefouert, fir eng modern an effikass Administratioun ze schafen. Do ginn et verschidde Baustellen, ënner anerem am Personalmanagement, an der Logistik oder der Kommunikatioun. En anere Volet ass d’fair Representatioun vun de Fraen a Management-Posten. Et gi verschidde Mesure geholl, fir 40 % Fraen op dëse Posten um Enn vum Mandat vun dëser Kommissioun ze hunn. Allerdéngs steet d’Kommissioun schon mei laang ënner Drock, fir Personal ofzebauen. Et muss méi erreecht ginn, awer mat manner finanzielle Mëttelen a manner Personal, wat natierlech aner Erausfuerderunge mat sech bréngt.

Et gëtt ëmmer gesot, Mataarbechter vun der EU géifen ze vill verdéngen an d’Loyerspräisser zu Lëtzebuerg an d’Luucht drécken, wéi stitt Dir zu där Kritik ?

Dat si leider Viruerteeler. Et ass ganz kloer dass et EU Beamte ginn, déi gutt verdéngen, virun allem an den héije Carrièren, mee leider ginn et immens vill anerer, déi net an déi Salaireskategorie falen. D’EU Beamte verdéngen nämlech no hirem Klassement an der Carrière, an deen ass europawäit gläich, also net un déi verschidde Liewenskäschte gebonnen. Et gëtt kee coefficient correcteur fir d’Salairen, obwuel en ëmmer vun de Gewerkschafte gefrot gëtt. Mam Resultat dass et Agente ginn, déi ënnert dem Lëtzebuerger Mindestloun verdéngen. Dowéinst ginn et eng ganz Rëtsch EU Beamten, déi sech de Loyer hei zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen. Dat ass e risege Problem an dat gëtt no baussen ni thematiséiert, well et eben esou Generaliséierunge ginn.

Äert Schlusswuert un eis Memberen ?

Wann Iech d’Zukunft vun Europa um Häerze läit, wann Dir Froen oder Proposen hutt wat Europa ugeet, da sot mer et ! Meng Equipe an ech sinn ëmmer bereet a freeën eis, mat Iech e konstruktiven Dialog iwwert d’EU ze féieren.