asbl_privé

Trennung tëschent Berufflechem a Privatem


D’FGFC gëtt an der Lescht ëmmer méi oft vun hire Personaldelegatioune kontaktéiert, well d’Personal op de Gemenge, méi oder wéineger forcéiert ginn, fir Member an enger ASBL ze ginn. Eng ASBL, déi Gemeng selwer gegrënnt huet, respektiv wou d ‘Gemeng, Interêten gesäit, déi si wëll representéiert hunn.

An deem Kontext si mir als FGFC ganz kloer, dass kee vun sengem Patron oder engem sengem Supérieur hiérarchique ka forcéiert ginn an enger ASBL täteg ze ginn. Eng ASBL ass eng privat Ugeleeënheet an huet näischt mat der Aarbecht ze dinn. Et steet dem Personal soumat fräi esou e Posten unzehuelen a wann net, dann dierf och keen eise Leit e Stréck draus dréinen.

Mir roden all eise Memberen, déi mat esou enger Demande konfrontéiert sinn an esou e Mandat net wëllen unhuelen, direkt Kontakt mat hirer Personaldelegatioun opzehuelen. Sollt keng Personaldelegatioun op der Gemeng/ Gemengesyndikat sinn, da kann een natierlech eist Sekretariat kontaktéieren.