FGFC_chefadministartion

Dossier « Chef d’administration »


Am Kader vun de Reformen “mateneen fir eng modern Gemeng” huet d‘Madamm Ministesch eis an der leschter Commission centrale informéiert, dass sech folgend Dossieren an hirer finaler Prozedur befannen:

  • Tutelle administrative
  • Droit et devoirs des élus communaux
  • Responsabilité pénale
  • Code de déontologie
  • Congé politique

Mir als FGFC begréissen, dass op deene wichtege Punkten, déi noutwendeg Adaptatiounen hire Wee an d’Ëmsetzung fannen. Opschonns de Projet vun de « Sanctions administratives » direkt net mat dësem Dossier zesummenhänkt, begréisse mir et als FGFC, dass dee Gesetzestext och esou gutt wéi gestëmmt ass an d‘Kompetenzen an den Asazberäich vun eisen Agents municipaux endlech kënnen erweidert ginn.

Bei der Aféierung vun engem « Chef d’administration », ginn allerdings d‘Virstellunge säitens dem Inneministère an der FGFC komplett auserneen. Mir betounen nach ee Mol, dass sech an deem Dossier d‘Patronat an d‘Gewerkschaften eens sinn, an dem Ministère de l’Intérieur kloer Léisungsusäz ënnerbreed hunn.

Well déi Léisungsusäz dem Ministère awer anscheinend ze vague sinn, si mir als FGFC mat der Innenministesch verbliwwen, dass mir eis Virstellungen nei formuléiere wäerten.

Mir als FGFC betounen nach emol, dass mat eis d‘Lafbunn vum Secrétaire communal NET ofgeschaaf gëtt, kee politesche Super-Beamten agefouert gëtt, a keng Funktioun “à la Merci” vum Patron ausgeübt dierf ginn. Desweideren daerf deen ugeduechte „Conseiller de légalité“ keen Trouschtpräiss ginn, dës wichteg Aufgab muss vun engem Jurist assuréiert ginn.

D’FGFC wäert an deem Sënn, zesumme mat hire kompetente Leit vum Terrain, eng kloer  a konkret Propositioun ausschaffen. Mir hoffen, dass d‘Madamm Ministesch Bofferding eis pragmatesch Léisungsusäz nach virun den nationale Walen 2023 op den Instanzewee gi wäert. Mir brauche Reformen am Gemengesecteur, dat awer just zesumme mam Patronat an zemools mam betraffene Personal.

 

FGFC-News zu dësem Dossier:

FGFC setzt sech fir e praxisorientéierte kommunale Management an
Neureglung der Kompetenzen der Direktoren industrieller Gemeindesyndikater gefordert
FGFC - Vision politique
FGFC Symposium "Mateneen fir eng modern Gemeng - Wou sti mer zesummen?"