Oppene Bréif

Oppene Bréif un de Gemengesecteur


Un d’Madamm Inneministesch an hir Mataarbechter,
Un d’Dammen an d’Hären aus de kommunale Gemengen- a Schäfferéit,
Un d’Kolleeginnen an d’Kolleegen,

Op Gronn vun der Heterogenitéit vum Gemengesecteur kann een net sämtlech Gemengen a Syndikater iwwert ee Leescht zéien. Et ginn der schonns, déi ganz gutt organiséiert sinn a wäertschätzend mat hirem Personal ëmginn. Mee et ginn awer och déier aner, an déi bilde mengen Erfarungen no, déi absolut Majoritéit. Firwat doe mir eis zesummen esou schwéier, am Kontext vun der Gestioun vum Gemengepersonal, grondleeënd Reformen ëmzesetzen?

Iwwer 40 Joer Déngscht als Gemengebeamten ass e laangen Dag. Nobäi 26 Joer hunn ech dovunner zu Keel op der Gemeng a verschidde Funktioune geschafft.

Keel ass eng mëttelgrouss Gemeng, an déier d’Erausfuerderunge mat mengen Aufgabe gewuess sinn. Nieft den alldeeglechen Defien an der deels gudder Entente, hunn ech awer och schon deemools en allgemenge Malaise an der Organisatiounsstruktur vun de Gemenge kennegeléiert.

Ëmmer méi KolleegInnen hu sech frustréiert gewisen. Zynismus war un der Dagesuerdnung. Zefriddenheet oder esouguer Unerkennung vun der Aarbecht, éischter seelen. No iwwer 15 Joer bei der FGFC muss ech, zesumme mat menge Mataarbechter, leider feststellen, datt dëst mat de Joren éischter nach méi schlëmm ginn ass.

Wéi ech deemools vun der Gemeng bei d’FGFC gewiesselt sinn, hat ech mer virgeholl, zesumme mat anere KolleegInnen aus dem Secteur, als Gewerkschaft, eng nei Aarbechtskultur am Gemengesecteur ze promouvéieren. No iwwer 15 Joer Asaz muss ech leider feststellen, datt wat dëse Kontext betrëfft, mäi perséinlecht Resultat zimmlech dënn ass.

Konklusioune vun der Campagne “Mateneen fir eng modern Gemeng”

Déi aktuell Inneministesch Bofferding huet mat hirer Campagne “Mateneen fir eng modern Gemeng” an de leschte Joren, eng breet an opwänneg Consultance publique vum Zoustand vum Gemengesecteur organiséiert. Nieft villen anere Punkten, ass och bei de Konklusioune vun dëser Campagne d’Necessitéit vun der Créatioun vun engem “Centre de Gestion et d’Organisation du Personnel Communal” (CGPO) ervirgehuewe ginn. Och ass monéiert ginn, datt et a Punkto Gemengepersonal, keng Hierarchie géif. An dësem Kontext bräicht et ee « Responsable administratif » mat Weisungsbefugnis.

Dësen oppene Bréif befaasst sech am Kär mat dëse béide Rapport-Conclusiounen am Kontext vun der Gestioun vum Gemengepersonal. Et sinn dëst fir mech, déi zwee Kärpunkte fir eng besser Organisatiounskultur bei de Gemengen hinzekréien.

Et ass en oppent Geheimnis am Gemengesecteur, datt d’Inneministesch eng éischt net offiziell Propose betreffend d’Créatioun vun engem « Chef d’administration » op den Dësch geluecht huet, fir op mannst ee vun dëse Punkten op d’Schinn ze kréien. Allgemeng sinn ech perséinlech enttäuscht, iwwert d’Aart a Weis, wéi dës Propose op den Dësch komm ass, zemools well keen, ausser de Comité vun de Gemengesekretären, mat un dëser Propose geschafft huet. Virun allem war ech perséinlech getraff, wéi schlecht dës Propose inhaltlech reflektéiert war. Mir geet et hei net ëm Scholdzouweisungen oder änleches. De Problem ass méi komplex wéi dat a läit méi déif.

Firwat doe mir eis zesummen esou schwéier ?

Mir sinn aktuell alt erëm an enger Sakgaass gelant, schéngt et mer. Dofir sieft d’Fro erlaabt : Firwat doe mir eis esou schwéier eis Organisatiounskultur baséierend op der Struktur vum Gemengegesetz ze moderniséieren ? Modernisatioun brauch et, wëll d’Aarbechtswelt an den nächste Joren nach méi séier ännere wäert, d’Attentë vum Personal an dem Client Bierger an enger moderner Service-Gesellschaft ëmmer méi grouss ginn. Dat schéngt mer e Konsens ze sinn, op alle Borden. Mir sinn eis zesummen eens, datt eppes muss geschéien, kréien et awer net hin.

Aus laangjäreger Beruffserfarung läit de Problem méi déif, ech erkläre mech:

1. D’Gemenge gehéieren, bei Gehälter- a Lounverhandlungen, mat un den Dësch.

Hei verhandelt d’Regierung just mat der CGFP. Weder de SYVICOL nach mir FGFC,  als representativ Gewerkschaft vum Gemengepersonal sëtze mat um Dësch, wann et ëm eis Zukunft geet. De Fokus vum Ministère de la Fonction publique läit quasi nëmme beim Staat. Bei de Gemengen huet dëse wichtege Ministère keng Expertise . Well awer elo quasi sämtlech Texter vum Staat per Assimilatioun bei eis an de Gemengen ëmgesat ginn, féiert dëst à la Base schonns zu Problemer, well verschidden Dispositiounen deels onsënneg sinn, well de Staat nun emol anescht funktionéiert wéi d’Gemengen.

2. De SYVICOL, als Vertrieder vun der kommunaler Politik op nationalem Niveau, huet weder d’Kompetenzen nach den Usproch sech konkret ëm d’Organisatioun vun de Gemengen ze këmmeren.

Als « Syndicat intercommunal » huet de SYVICOL weder d’Vocatioun nach d’Ressourcë fir sech ëm eng Modernisatioun vun der Aarbechtskultur bei de Gemengen zu këmmeren. No ville Joren Zesummenaarbecht mat de Leit aus dem SYVICOL, ass et aktuell aussiichtslos ze mengen si géife sech dat een Dag op de Fändel schreiwen. Iwwerhaapt ass de SYVICOL en Interessegrupp innerhalb dem et schwiereg ass, zu verschidde Punkten iwwerhaapt eng eenheetlech Positioun ze fannen.

3. D’Féierung vun der Kommunalpolitik innerhalb vun de Gemengen ass deelweis eng Katastrophe

Hei präsentéiere sech, graff resuméiert, zwee Fäll:

  1. Huet eng Gemeng d’Chance e(eng) Buergermeeschter-esch inklusiv Schäffen un der Spëtzt ze hunn, deen (déi) souwuel managerial wéi och kommunikativ-sozial Kompetenzen huet (hunn), ass d’Aussiicht op eng koherent Organistionsstruktur vun der Gemeng net schlecht. Net zulescht iwwert d’perséinlech Beruffserfarung, déi de Kommunalpolitiker hei matbréngt.
  2. Leider ginn et awer vill déier anerer kommunal Mandatairen, deenen hire perséinlechen Image oder anere Gewënn méi wichteg sinn, wéi d’Organisatioun vun hirer Gemeng selwer. Doriwwer eraus ginn et déier, déi sech wuel vill Méi ginn, mee kee Kapp fir eng Verwaltung hunn oder net kënne kréien, well et keng adequat Formatioune ginn. Wéi eng Verwaltung funktionéiert ass hei oft net gewosst an och zimmlech egal. Deementspriechend fille sech dann eis Leit op esou enger Gemeng. Si fille  sech total alleng gelooss, ignoréiert, jo esouguer schikanéiert. Dës Inkompetenz an der Personalféierung huet net seelen zur Konsequenz, datt Langzäitkrankeschäiner op Gronn vu Burnout, Depressiounen an aner Stéierungen net ze evitéiere sinn.

4. D’Féierung vu verschidden Direkteren, Gemengesekretären an anere Chefs de service

D’Inkompetenz vun der Kommunalpolitik ass net alleng un der Situatioun op ville Gemenge Schold. Och vill Direkteren, Gemengesekretären an aner Chefs de service hunn net déi erfuerderlech Kompetenzen, mat den Erausfuerderunge vun engem adequate Leadership vun eise Leit. Verschiddener agéieren nach wéi virun 30 Joer, a sinn deels esou gefestegt op hirem Posten, datt eng modern Weltusiicht guer net néideg ze si schéngt.

Dës Situatioun ass op Dauer net ze halen, well virun allem déi jonk Leit, déi nei op d’Gemeng kommen, an esou engem Ëmfeld schnell d’Flemm kréien a séier erëm fort sinn.

5. D’Attitüd par Rapport zu hirer Aarbecht vun eise Leit selwer

Als Gewerkschaftler muss ee sech seng eege Memberen ukucken, wann et dorëms geet hir Interessen ze vertrieden. Och hei huet sech esou munches gewandelt. Och wann d’Satisfaktioun vum Client-Bierger mat wäit iwwer 80 % relativ héich ass, läit d’Motivatioun bei esou munchen zimmlech um Buedem. Verschiddener froen nëmmen no deem wat se kënne kréien, ouni ze weise wat se kënne fir d’Gemeng oder de Syndikat ginn. Dës Attitüd ass den Doud fir de Service public.

An dësem Kontext gëllt et, eise Leit d’Privileegie vun der Fonction Publique virun Aen ze féieren, déi notamment e koherent Engagement fir d’Gemeng/Syndikat zur Bedingung hunn. Ouni Identifikatioun an Engagement am Job, gëtt ee selwer onzefridden a leescht deem Ganzen och keen Déngscht.

6. Attitüd a Fonctionnement vu munch Responsabelen am Ministère de l’intérieur

Kommen ech “last but not least” zu eisem Ministère de tutelle, dem Inneministère, ze schwätzen. Och wann dëse Ministère virun allem intern ganz vill moderniséiert huet, bleift a Punkto Gestioun vum Gemengepersonal aktuell nach alles beim Alen. Gutt, datt de CGPO beim Staat nei Weeër geet, déi zum Deel hei matgedroe musse ginn.

Den Haaptproblem bei de Leit aus dem Inneministère ass, datt si, well ebe grad keng Leit vun de Gemengen, net wësse wéi eis Gemengen duerch d’Bank funktionéieren. Jo, den Intérieur ass ofhängeg vun der Expertise vun eise Leit, fir virun allem d’Formatioun vum Gemengepersonal ze garantéieren. Dëst féiert dann dozou, datt verschidde Leit mat deem engen oder aneren esou Frënn ginn, datt se hir Kompetenzen iwwerschreiden, a mengen hir Weltusiicht, wier déi vun allen aneren.

Fir et kuerz ze resuméieren : Wann den Haaptresponsabele fir d’Gemengepersonal an enger ëffentlecher Sitzung seet « op der Gemeng muss sech ne jidderee moies an den Aarm huelen » wann et ëm modern Aarbechtsmethode geet, ass dëse carrement depasséiert duerch d’Entwécklung vun der Zäit.

Nëmmen zesumme komme mer no vir

Dir gesitt, d’Problematik ass zimmlech breet gefächert a betrëfft all Acteure vum Terrain. Dofir komme mer och nëmmen zesummen no vir, andeems mer eis dësen Theme kollektiv stellen. Innerhalb vun der FGFC ass elo eng nei Equipe en Place fir weider, no menger Pensionnéierung, dëse ganzen Dossier no vir ze dreiwen. Wéi mer eis dat zesumme virstellen, kënnt der gären innerhalb vun eiser Visioun politique hei an dësem “Opgepasst” an nach méi detailléiert op eisem Site fgfc.lu noliesen.

Op knapp engem Joer virun den nächste Chamberswalen, fäerte mir, datt eis Käerproblematik alt erëm net ugepaakt gëtt, trotzdeem datt et am Regierungsprogramm steet. Mir hunn d’Inneministesch an engem Bréif opgefuerdert, d’Diskussioune ronderëm dës wichteg Punkten elo net bis d’Walen am Sand verlafen ze loossen, andeems si eng “Journée Communale” organiséiere soll, déi zesumme mat de Sozialpartner innerhalb vun der Commission Centrale am Intérieur mat ausgeschafft soll ginn.

Mir musse weider drubleiwen. Dat si mir net zulescht eise Bierger, mee och de Leit, déi op de Gemenge schaffen, schëlleg.

Marco Thomé
FGFC-Präsident