En Interview mat Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
Minister fir Héichschoul a Fuerschung
Liest hei schonn e puer Extraiten:
Ass d’Parteipolitik queesch duerch all Parteien net um Enn, wëssend datt dir keng Léisunge fir déi grouss Changementer an dëser Welt hutt? Anescht gefrot, sidd der als Politiker net iwwerfuerdert?
An eiser Demokratie brauch et vill Meenungen an déi spigelen sech an de respektive Parteien erëm. Aktuell sti ganz vill Changementer, net zulescht op geopolitescher Säit, un. Heirobber ginn et keng einfach Léisungen, dat ass och Fakt. Trotzdem sinn d’Parteien awer an hirem politesche Rôle, ëmmer erëm no Léisungen ze sichen. Hei geet et zum Beispill ëm Informatioun, Thematiséierung vun den Auswierkungen op d’Mënschen aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen...
Wa mer vu neie Formatioune schwätzen, ass de Brevet de Technicien Supérieur (BTS), e Beweis, wéi d’Schoul sech un der Réalitéit vum Terrain laanscht entwéckelt. De BTS gëtt vun iech promouvéiert, mee um Niveau vun der Fonction publique interesséiert dat scheinbar keen. Vill jonk Leit sinn dofir massiv enttäuscht. Wéi passt all dat zesummen?
Souwuel de Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen wéi och ech selwer, sinn eis der Problematik am Kontext vum BTS bewosst. Zesumme mat der Regierung an am Kader vun den nach ausstoende Verhandlunge mat de Sozialpartner, hoffe mer hei eng konkret Valorisatioun vun dëse BTS Diplomer an der Fonction Publique ze realiséieren. Mir hunn hei eng konkret Zilsetzung an dorunner schaffe mer.
An engem Land wou virun allem Wäert op déi dräi Sprooche geluecht ginn, wéi laang ass déi Contrainte nach ze halen, wann ee weess wéi schwiereg et ass déi verschidden Ethnien ënnert een Hutt ze bréngen?
Perséinlech sinn ech der Meenung, datt mer nach ëmmer e groussen Effort musse maachen fir d’Méisproochegkeet an eisem Land héich ze halen. Richteg ass, datt d’Lëtzebuergesch zu eiser nationaler Identitéit gehéiert, ouni Zweifel. Ëmgedréint ass awer och gefuer, d’Méisproochegkeet gehéiert och zur Lëtzebuerger Identitéit. Mir zeechnen eis heiduerjer sozial a kulturell no bannen an no baussen aus. Dëst ass sécherlech eng Stäerkt vun eis Lëtzebuerger, eng Stäerkt déi mer net dierfe verléieren.
De kompletten Interview fannt Där an eisem 'Mag.
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.