FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Sozialpolitik


 


D’FGFC consideréiert all Member innerhalb vu senger Famill. An dësem Sënn plädéiere mir fir eng Gesellschaftspolitik, déi de ganze Mënsch am Sënn huet. D’Wuelbefannen, d’Entwécklung an d’Erfëllung vu jidderengem innerhalb vun deem Ganzen, ass eis wichteg. Eltere sinn, Balance tëscht Aarbecht a Famill, Abezéiung vum fréien Alter bis zum Doud, sinn ënner anerem Themen, deenen sech d’FGFC verschriwwen huet.

  • Mir fuerderen, datt Kanner- a Jugendbetreiung eng obligatoresch Missioun vun de Gemenge gëtt. Desweideren sti mir mir fir d’sozial Integratioun vun eise Bierger aus de CIPA-Strukturen (Centre Intégré pour Personnes Âgées) mat Kanner a Jugendlechen. Mir appelléieren un d’kommunal Politik sech eisen Usiichten ze ralliéieren, amplaz aktiv d’Privatiséierung vun dëse Servicer bei de Gemengen ze fërderen a soumat d’Qualitéit vum Service erofzesetzen.
  • Weider mussen d’Gemengen, am Interêt vun enger optimaler Integratioun, d’Entwécklung vun dëse soziale Servicer an eegener Gestioun gestionéieren, grad ewéi déi néideg Reformen ëmsetzen.
  • Intergenerational Solidaritéit ass e wichtegen Integratiounsfacteur an der Fonction publique. Dofir muss dësen Defi wieder ugaange ginn, besonnesch am Hibléck op déi absehbar Entwécklungen am Beräich vun der Digitaliséierung.
  • Besser Flexibilitéit vun der Aarbechtszäit. Dëst gëllt net nëmme fir Eltere vu Kanner, mee och z.B. am Fall vun enger schwéierer Krankheet an der Famill
  • Nei Definitioun vun de Strukture vun den „Offices sociaux“ – Reintegratioun an d‘Gemengestrukturen