FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Personalvertriedung


 

 

D'FGFC steet fir eng besser Integratioun vun de Personalvertrieder innerhalb vun de Consultatiouns-, Kommunikatiouns- an Entscheedungsprozesser op de Gemengen. Nëmmen esou gëtt eng kollegial Zesummenaarbecht, am Interêt vum ganze Personal – ënnert all Statut – assuréiert. 

Dofir fuerdere mir:

  • Obligatoresch Aféierung vun enger Personaldelegatioun op all Gemeng/Syndikat. Dëst par Analogie zu der aktueller gesetzlecher Obligatioun, datt all Gemeng e „chargé d’égalité“ muss hunn.
  • Neidefinitioun vun den obligatoreschen a fakultative Missioune vun de Personaldelegatiounen 
  • Adaptéiert Formatioune fir Personalvertrieder mat ugepassten Dispenses de service