FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Developpement vum Gemengesecteur


 


Nieft der Schafung vun engem « Centre du Personnel et d’Organisation pour le secteur Communal“ ass d’FGFC fir eng kloer Verdeelung vu Kompetenzen tëscht Politik a Gemengepersonal, wéi och fir d'Harmoniséierung an d’Upassung vun all legislativen Texter am Gemengesecteur.

  • Kloer Opdeelunge vun de Kompetenzen tëschent Politik a Personal
  • E Management public professionnel mat Organigramm, Description des tâches, Gestion par objectifs, Developpement vun de Ressources humaines
  • Schafung vun engem « Centre du Personnel et d’Organisation pour le secteur Communal – CGPO communal » (an enker Collaboratioun mam CGPO vum Staat an dem Inap) deen zoustänneg fir Beroodung an professionnell Hëllefstellung bei folgende Sujet’en ass :

säitens der Politik

  • Organisatioun vu Formatioun fir Gemengepolitiker

säitens der interner Gemengenorganisatioun 

  • Consultance publique fir de Gemengesecteur (Gestion de projets, Gestioun vum Personal, intern Organisatioun, Supervisioun …)
  • Gestioun vum Gemengepersonal (Recrutement, Dossier personnel, Gestion par objectifs, Formatioun, Pool de remplacement, Paien …)
  • Juristesch Berodung
  • Harmonisatioun vun der « mobilité interne » tëschent de Gemengen an dem Staat.
  • Reforméierung vun den aktuellen Dispositiounen zum Temps de travail, Horaire mobile, Compte Epargne Temps (CET) an dem Télétravail.
  • Verbesserung vun der Flexibilitéit an den Definitioune vun den Aarbechtsreglementer, dëst un d’Erwaardunge vum Personal an un d‘digital Evolutioun ugepasst.
  • Am Fall vun enger geplangter Pensioun:
    • Aféierung vun der Méiglechkeet e Posten ze « splitten ». Dëst géif der neier Persoun d’Méiglechkeet ginn, sech besser virzebereeden a wertvollt Wësse vum « Sortant » vermëttelt ze kréien, ier deen de Service verléisst (bessert Uléieren a Vermëttele vu Wëssen)