D'FGFC verdeedegt en efficace Fonctionnement an eng dynamesch Gestioun vum Gemengesecteur, dat mam Schwéierpunkt op de Kompetenzen an der Verantwortungs-Autonomie vu jidderengem innerhalb vun de Gemengestrukturen.
D’FGFC steet fir en effizienten an efficace Gemengeservice, definéiert vun enger Approche wou de Bierger als « Client » wouer geholl gëtt amplaz als « Administréierten ».
Et ass virun allem an dësem Bewosstsinn an deem d'FGFC sech als integrativen Acteur bei der Weiderentwécklung vum Gemengesecteur gesäit. De Bierger, deen an senger Gemeng wunnt, huet als « Client » e Recht drop, dass d’Servicer u seng Besoinen adaptéiert an évaluéiert ginn.
D’FGFC ass fir Gemengefusiounen, dëst fir eng kohärent Entwécklung ze garantéieren an déi zukünfteg Erwaardungen an Erausfuerderungen ze meeschteren.
An deem selwechte Kontext widderhëlt d‘FGFC hir Fuerderung, datt de Gesetzgeber d’Missioune vun de Gemengen a Syndikater adaptéieren an nei definéiere misst.
Hei soll ënnerscheed ginn tëscht:
Aus der selwechter Idee eraus ass d‘Fuederung vun der FGFC enstaanen, fir déi intern Strukturen op folgend Pilieren opzedeelen:
D'FGFC revendiquéiert vum Gesetzgeber eng kloer Definitioun vun den néidege Viraussetzungen, dass Gemengegewielten hiert politescht Mandat « en bonne et due forme » ausübe kënnen. Heizou gehéiert aus eiser Siicht och eng Formatioun am « Management public ». Eis ass bewosst, dass een an eisem demokratesche System keng Konditioune festleeë ka fir gewielt ze ginn - trotzdem misst eng reegelméisseg Formatioun vun den ëffentlechen Instanzen ugebuede ginn. Folglech wier déi Formatioun e « must have » an net « nice to have ».
An deem selwechte Kontext ass d’FGFC méi fir eng Professionaliséierung vun de Fonktioune vum lokal gewielte Vertrieder an domatter géint dat Duebelmandat vum « député/ maire ». Fir déi politesch Gemengeninteresse vis à vis vum Staat ze vetrieden, ralliéiert d'FGFC sech un d‘Fuerderung vum SYVICOL a schwätzt sech fir eng « Chambre des Élus Locaux » aus – dat mat deene selwechte Pregorativen wéi déi aner « Chambres professionnelles ».
Selbstverständlech mussen d’Kompetenze vum Gemengepersonal Hand an Hand mat de Kompetenze vun de gewielte Politiker goen. Sou ass d’FGFC fir en Aarbechtsëmfeld, baséierend op dem gudde Gebrauch vun de Reegele vun der Kommunikatioun souwéi dem géigesäitege Respekt. Déi eenzeg visionär Orientéierung wier en Teamwork am Gemengesecteur: « All zesummen houfreg dem Bierger dee beschte Service ze bidden ».
Déi meescht Gemenge kommen enger mëttelgrousser Entreprise gläich, dat mat änlechen Erausfuerderungen. Hei muss eng Koordinatioun vun de verschiddene kommunale Servicer séchergestallt ginn, dëst mat direkter Interconnectioun mat der gewielter Politik. Aus dëser Logik eraus, ass eng kloer Definitioun vun de « chefs-responsables » vun deene 6 proposéierte Pilieren am gesetzlech virgeschriwwenen Organigramm néideg. D'Zil vun esou enger Organisatioun ass et déi politesch an administrativ Aspekter propper ze trennen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.