Management

FGFC setzt sech fir e praxisorientéierte kommunale Management an


Als FGFC begréisse mir der Inneministesch Bofferding hir aktuell Bestriewungen, de Gemengesecteur ze reforméieren an a Punkto Organisatioun, d‘Gemengen an d’Gemengesyndikater ze moderniséieren

Am Kontext vum ugeduechte Projet « Chef d’aministration » plädéiert d’FGFC dofir, dass dee wichtege Poste vum Gemengesekretär net ofgeschaaft gëtt an de Schäfferot kloer « Chef d’administration » bleift.

Mir proposéieren, déi bestoend « fonctions dirigeantes » am Gemengesecteur z’iwwerschaffen, besser ze definéieren an domat den legalen Kader fir op villen Gemengen schonn etabléiert Funktiounsweisen ze schafen. Domat wiere mir um Wee zu engem praxisorientéierte kommunale Management, ugepasst un déi individuell Besoinen vun den Gemengen, dëst ganz am Sënn vun der Autonomie communale.

D’Gemeng kann eng oder méi « Fonction dirgeante » aféieren, déi am Organigramme verankert musse ginn. De Schäfferot vun der Gemeng, respektiv de Büro vum Syndikat, kann iwwert eng Description de poste et d’attributions, verschidden Attributiounen un déi « Fonction dirigeante » delegéieren. Zesummen mat enger nei definéierter Délégation de signature, mat Fokus op der Aféierung vun der digitaler Ënnerschrëft, géife vill Prozesser vereinfacht ginn.

Fir d’FGFC steet et ausser Fro, dass eng adaptéiert Formatioun, déi de Spezifizitéiten aus dem Gemengesecteur Rechnung dréit, fir déi « Fonction dirigeante » vum INAP muss garantéiert ginn.

D’FGFC plädéiert, net zulescht op Gronn vun de Conclusioune vun der Regierungs-Campagne «Mateneen fir modern Gemengen » par Analogie zum Staat, fir d’Schafung vun engem Centre de Gestion du Personnel et d’Organisation communale (CGPO-communal). Dëst géif eng koherent Entwécklung vum Service public bei Staat a Gemenge garantéieren. No der Opléisung vun den Distriktskommissariater, kéint dëse CGPO-communal, ënner anerem, mat der Schafung vun der laang versprachener « cellule juirdique », eise Gemengen eng wichteg Hëllefsstellung ginn

Bedéngt, dass et sech bei dëser proposéierter Léisung ëm eng Neiorganisatioun vum Service handelt, ass et fir d’FGFC onëmgänglech, generell d’Attributiounen an d’Integratioun vun de Personaldelegatiounen nei ze definéieren.

Am Zesummenhang mam aktuelle Projet ass et fir eis och ganz kloer, dass de Receveur communal direkt ënnert dem Schäfferot ze stoen huet – dat ouni weideren Intermediaire.

Wat mir awer brauche si pragmatesch Léisungen, déi der Realitéit um Terrain bei de Gemengen/Syndikater Rechnung droen. Dofir ruffen mir den Interieur, de SYVICOL dozou op, mat eis zesummen, innerhalb vun der Commission Centrale, eis Proposen ze diskutéieren an dann zäitno Neel mat Käpp ze maachen.

Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi
28. Februar 2022