De Frust bei den Enseignanten an de Schüler vum Enseignement musical ass aktuell grouss. Bekanntlech gëllt fir de Muséksunterrecht am Contraire zum Enseignement public d’2G Covid-Regel, genau esou wéi fir all aktuell Fräizäitaktivitéit. Bekanntlech ass dëst d’Argument op Regierungssäit: Well den Enseignement musical net verpflichtend ass, gëllt en als kulturell Aktivitéit, scheinbar ergo net esou wichteg wéi d’Schoul.
En Enseignement musical « à distance » huet seng kloer Limiten. Hei geet vill Qualitéit am Muséksunterrecht verluer. All dëst muss op de strikte Minimum vun deem, wat wierklech néideg ass, limitéiert ginn.
Kënnt nach dobäi, datt innerhalb vum Enseignement musical eng net ze vernooléissend Unzuel vu Schüler prosperéiert, déi sech op Etudes supérieures, spréch op eng berufflech Carrière preparéieren. Déi aktuell Mesurë riskéieren also, datt ganz Liewensdreem an e Koup faalen.
Während de leschten zwee Joer hunn déi Responsabel an de Conservatoiren an an de Muséksschoulen ganz kloer bewisen, datt si strikt Covid Mesurë kënnen a wëllen applizéieren. Zemools am Kontext vun den aktuelle Lackerunge vun de Covid-Mesurë gehéiert hei dringend eng aner Regel, par Analogie zum Enseignement public, en Place gesat. Mir fuerderen: Schluss matt der Diskriminatioun vum Enseignement musical par Rapport zum Enseignement public.
Den Educatiounsminister Claude Meisch ass vun eiser Säit, vun de Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Enseignement musical, mat konkrete Fuerderunge konfrontéiert ginn.
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.