CovidCheck

CovidCheck Mesuren: Net esou!


FGFC Ralliement op den Avis vun der Staatsbeamtekummer

Am Kader vum aktuelle CovidCheck Gesetz weist sech d‘FGFC erféiert iwwert d’Nonchalance vun der Regierung bei de Sanitärsmesuren nach emol e Gang zouzeleeën, opwuel déi aktuell epidemiologesch Lag, wéi d’Regierung selwer konstatéiert, « relativ stabel ass ». Fir et direkt ze soen: Matt dësem dilettantesche Gesetz, kënne mir eisen Délégéierte bei de Gemenge keng Rekommandatioun ginn, heibäi mattzemaachen.

D’Regierung huet also wëlles d’Méiglechkeet fir de CovidCheck Régime och op der Aarbecht anzeféieren. Et ass keng Obligatioun, par Conter eng ferme Rekommandatioun. De Combel ass awer, datt matt dem aktuelle Projet de loi, d’Regierung d’Décisioun op CovidCheck oder net, einfach bei eis Gemengen/Syndikater op de « Chef d’administration » weidergëtt. Zemools well vum SYVICOL an dësem Kontext fir d’Personal bei de Gemengen/Syndikater keng eenheetlech Positioun ze erwaarden ass, bleift et also dësem „Chef d’administration“ iwwerlooss ob de CovidCheck Regime agefouert gëtt oder net. Och vläit just nëmmen deen ee Service an deen aneren net, wie weess dat schonns?

Am Fall vu CovidCheck muss en Net-Geimpften en Test virweisen, net selwer maachen, wat op eemol net méi geet – duerch e Labo oder an der Apdikt – contre Paiement zudeem. Weder de Projet de loi nach den Exposé des motifs gesäit konkret Konditioune fir de CovidCheck fir. Guer net ze schwätzen, wat matt deene Kolleeginnen a Kolleege passéiert, déi net CovidCheck konform sinn. Hei e kloren Opruff un eis Madamm Inneministesch Taina Bofferding eis hei emol op d’Spréng ze hëllefen, wéi dat soll goen? Wat sinn déi konkret Konsequenzen, wann een net ka schaffen, ebe well een net CovidCheck valide ass ?

Ebe well keng Präzisiounen am Projet de loi drastinn, riskéiert de Statut vun eis Gemengebeamten a Kraaft ze trieden. Hei geet et ëm d‘Netbezuele vun der Pai, Disziplinarstrofen an esouguer de Verloscht vun der Aarbecht, jee nodeems wien hei wat, wéi ausleet. Zudeems geet et hei ëm Santés-Donneeë vum Eenzelen, déi duerch de Secret médical couvréiert sinn. Du Brouhaha total!

Et geet dorëms fir en Impftaux vun op mannst 80 % ze erreechen, wat och ganz offe kommunizéiert gëtt. Zitat Premier Bettel: „Mir hu keng aner Wal.“ Ouni weider Explikatiounen a statistesch Detailer gëtt um Gefillsdossier „Angscht“ am Covid-Kontext argumentéiert. Iwwert eng wëssenschaftlech baséierend Exit-Strategie gëtt guer net geschwat. Alles muss an engem enormen Tempo duerch d’Chamber gebaatscht ginn, wat net ze verstoen ass. Esou kritt dat Ganzt ni en Enn.

Mir sollten dach all zesummen oppassen, datt d’Splécklung vun eis als Gesellschaft aktuell net nach méi zouhëllt wéi dat souwiesou schonns de Fall ass. Matt dësem schlecht gemaachte Projet de loi, maache mer d’Dieren wäit op fir Diskriminatioun a Kaméidi ënnerteneen, wat duerno schwéier ze heelen ass.

Matgedeelt vum FGFC-Exekutivbüro
13. Oktober 2021

Info: Avis CHFEP 3601