COVID-Testzentrum

Däitlechen Nee vun der FGFC zu Gemengen als Covid-Testzenteren!


Per lapidarem Circulaire huet d’Inneministesch Bofferding iwwert de Weekend mir näischt dir näischt verfügt, datt d’Gemengen als Covid Testzenteren hierhale kënnen, wa se dat da wëllen. Dëst geschitt ouni vidru matt de Sozialpartner geschwat ze hunn. Als sektorielle Vertrieder vum ganze Gemengepersonal positionnéiere mir eis hei ganz däitlech géint dee geplangten Transfert vu Santés-Kompetenzen an de Gemengesekteur. Mir erwaarde virun allem vun eiser Inneministesch, datt si sech hannert d’Gemengepersonal stellt, an net alles schléckt, wat eis als Gemengepersonal soll vu Regierungssäit opgebrummt ginn.

Dem Gemengepersonal seng Missioun ass et wuel, fir de Bierger do ze sinn. Virun allem a Pandémiezäiten hunn eis Leit méi wéi eng Kéier gewisen, wat et heescht reaktiv a flexibel ze sinn. Heibäi ginn et awer och ganz kloer Grenzen, an déi si mam Circulaire 3997 erreecht! Fir eis steet fest, datt eng Gemeng keen Testzentrum ass, an och keen dierf ginn.

Doriwwer eraus kontestéiere mir formell, datt eise Leit iwwerhaapt non-chalant, sanitär Kompetenzen - déi nëmme verschidde Beruffsstänn hunn - einfach esou vun der Santésdirektioun, par simple Procédure, ausgewise kënne ginn. Dobäi kënnt, datt d’Reponsabilitéit vun eise Leit, an dësem chaotesch beispilllosem Virgaang, guet net geklärt ass. Eis schéngt, wéi wann eis Leit hei mëssbraucht ginn, fir déi vun der Regierung chaotesch organiséiert Réouverture vun de Restauranten an de Bistroen ëmzesetzen. Hei soe mir ganz kloer: Dofir si mir an der Fonction publique communale net do!

Am ganze Kontext geet et jo ëm d’Certificatioun vun engem vereedegte Fonctionnaire, datt eng medezinesch-sanitär Prozedur richteg, an de Regelen no, ofgelaaf ass. Wat geschitt, wann hei Feeler passéieren? Wien dréit hei d’Verantwortung? Eis Leit, de Schäfferot, de Buergermeeschter deen deem Ganze jo zoustëmme muss? Froen iwwer Froen...

Kënnt dobäi, datt nach virun e puer Deeg den offiziellen Duktus op de Gemenge wor: All Kontakt mam Bierger ass, pour Cause, op e Minimum ze beschränken. Ab elo soll da grad de Contraire passéieren, andeems mer esou vill Leit wéi méiglech fir e certifizéierten Test op d’Gemeng dräinéieren! Wat soll dat do? Sinn eis Gemengen iwwerhaapt mat den néidege Räimlechkeeten a mam passenden Equipement outilléiert, fir hei Pandémie-Testzentrum ze spillen? Wier et net besser, déi aktuell scho bestoend an deier Testzenteren erëm voll auszelaaschten, wéi elo hei eis Leit matt Kompetenzen ze versinn, déi se bis haut nach guer net haten?

All dëst léisst eis Madame Innenmintesch einfach esou op eis erofprasselen, ouni och nëmmen ee Wuert matt eis heiriwwer ze verléieren. En absoluten No Go!

Wat wierklech schlëmm ass, ass de Fakt, datt d’Circulaire aus dem Intérieur méi Froen obwërft, wéi se beäntwert. Sollt et um Enn vläit nëmmen dorëms goen, datt eenzel politesch Gemengeresponsabel sech hei um Réck vun eise Leit wëllen no bausse profiléieren?

Affaire à suivre …..

Matgedeelt am Numm vum Bureau exécutif élargi vun der FGFC

Kontakt: +352 691 504 200